De Coffret “Eng gutt Lies” mat 1 grousser Fläsch an 20 klenge Bicher: Fir 88 Euro gëtt et eng MAGNUM Riesling vu KOX an déi komplett SMART-Serie an engem SET! Beim Verlag, beim Ernster a beim Domaine Kox zu Réimech.
Weider liesenNews
Eisen neie Katalog fir erofzelueden!
Dir wëllt wëssen, wat Kremart Edition aktuell am Programm huet, an Dir wëllt schonn e Bléck an d’Zukunft riskéieren? Da luusst an eise Katalog 2019! -> DOWNLOAD
Weider liesenGutt Kriticke fir de LOBO am Télécran an op 100,7
Hei kënnt Dir d’Rezensioun vum 100,7 um Site vum soziokulturelle Radio nolauschteren an hei drënner d’Presentatioun vum Télécran noliesen – MERCI!
Weider liesenEt war emol: “Journée du livre” zu Péiteng
De Weekend vum 8. an 9. Dezember steet zu Péiteng d’Buch am Mëttelpunkt. D’Associatioun “Et war emol …” huet eng Journée du livre ograniséiert, mat ville Stänn vu Verlagen a mat enger Rëtsch Liesungen – ideal fir Kanner an ideal fir Leit, déi nach op der Sich no flotte Kaddoe sinn … Kremart ass och zu Péiteng, mat e sëlleche Kanner- a Kaddosbicher! E ...
Weider liesenSmart & Timba @ Bazar International @ Luxexpo
De Samschdeg, 8. an de Sonndeg, 9. Dezember ass nees den Internationale Bazar an de Foireshalen um Kierchbierg. Kremart ass och do, awer just indirekt: An zwar verkeeft de LIONS CLUB GLASBUREN déi kleng Smart- an Timba-Bicher … mat engem gudden Deel fir de gudden Zweck! Kremart ënnerstëtzt de Lions Club Glasburen schonn zanter e puer Joren an appreciéiert den Engagement vun an ...
Weider liesenKremart @ Muselzeidung a Sauerzeidung
Dir sidd nach op der Sich no engem Kaddo fir d’Feierdeeg? Do hätte mir nawell e sëllechen Iddien! E puer dovun hu mir och an der Muselzeidung an an der Sauerzeidung publizéiert:
Weider liesenDe LOBO, d’LAND a 5 LIESUNGEN
De Lobo huet ëmmer Froen. Mä keen huet Zäit, fir him eng Äntwert ze ginn. „Wa kee mer nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen“, denkt hien an hält einfach de Mond. Bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert. „So mol, Lobo!“ ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen. An d’Autorin schwätzt direkt 5 Mol iwwer ...
Weider liesenDen hellegen Niklos kënnt direkt e puer Mol zu Éieren
Gëtt et méi eng schéin Zäit wéi déi, an där de Kleesche kënnt? A wie wëll dee léiwe Personnage net virgestallt kréien? Déi Méiglechkeet gëtt direkt e puer Mol: – Den Donneschdeg, 29. November liest d’Christine Marx um 14.45 Auer an der Stad an der ErwuesseBildung (Centre Convict). – De Samschdeg, 8. Dezember liest si och nach eemol zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer ...
Weider liesenDir sicht nach e Kaddo? Hei ass e perfekten!
Wéi wier et mat eisem Coffret “Eng gutt Lies”? 20 kleng Bicher an 1 grouss Fläsch: Déi 20 Smart-Bicher am Set an eng Magnum Riesling vum Domaine Kox! Fir just 88 Euro! Ze kréien direkt bei Kox an natierlech och bei Kremart! Mir hu se prett so stoen, se waarde just nach op Iech 🙂
Weider liesenBUCH WIEN 18: Liesung vum Jean Back
En Donneschdeg, 8. November huet de Jean Back zu Wien aus sengem Buch “Trakl Blues”, der Nummer 4 aus der Serie Kremart Kanephora, gelies. Op der Bühn vun “Der Standard” a moderéiert vum Christiane Kremer. Och de Lëtzebuerger Ambassadeuer Marc Ungeheuer war laanschtkomm. En anere Lëtzebuerger op der Buch Wien 18 war de Poetry-Slammer Francis Kirps. Weider Fotoen ...
Weider liesen