News

-

Et war emol: “Journée du livre” zu Péiteng

De Weekend vum 8. an 9. Dezember steet zu Péiteng d’Buch am Mëttelpunkt. D’Associatioun “Et war emol …” huet eng Journée du livre ograniséiert, mat ville Stänn vu Verlagen a mat enger Rëtsch Liesungen – ideal fir Kanner an ideal fir Leit, déi nach op der Sich no flotte Kaddoe sinn … Kremart ass och zu Péiteng, mat e sëlleche Kanner- a Kaddosbicher! E ...

Weider liesen
-

Smart & Timba @ Bazar International @ Luxexpo

De Samschdeg, 8. an de Sonndeg, 9. Dezember ass nees den Internationale Bazar an de Foireshalen um Kierchbierg. Kremart ass och do, awer just indirekt: An zwar verkeeft de LIONS CLUB GLASBUREN déi kleng Smart- an Timba-Bicher … mat engem gudden Deel fir de gudden Zweck! Kremart ënnerstëtzt de Lions Club Glasburen schonn zanter e puer Joren an appreciéiert den Engagement vun an ...

Weider liesen
-

Kremart @ Muselzeidung a Sauerzeidung

Dir sidd nach op der Sich no engem Kaddo fir d’Feierdeeg? Do hätte mir nawell e sëllechen Iddien! E puer dovun hu mir och an der Muselzeidung an an der Sauerzeidung publizéiert:  

Weider liesen
-

De LOBO, d’LAND a 5 LIESUNGEN

De Lobo huet ëmmer Froen. Mä keen huet Zäit, fir him eng Äntwert ze ginn. „Wa kee mer nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen“, denkt hien an hält einfach de Mond. Bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert. „So mol, Lobo!“ ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen. An d’Autorin schwätzt direkt 5 Mol iwwer ...

Weider liesen
-

Den hellegen Niklos kënnt direkt e puer Mol zu Éieren

Gëtt et méi eng schéin Zäit wéi déi, an där de Kleesche kënnt? A wie wëll dee léiwe Personnage net virgestallt kréien? Déi Méiglechkeet gëtt direkt e puer Mol: – Den Donneschdeg, 29. November liest d’Christine Marx um 14.45 Auer an der Stad an der ErwuesseBildung (Centre Convict). – De Samschdeg, 8. Dezember liest si och nach eemol zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer ...

Weider liesen
-

Dir sicht nach e Kaddo? Hei ass e perfekten!

Wéi wier et mat eisem Coffret “Eng gutt Lies”? 20 kleng Bicher an 1 grouss Fläsch: Déi 20 Smart-Bicher am Set an eng Magnum Riesling vum Domaine Kox! Fir just 88 Euro! Ze kréien direkt bei Kox an natierlech och bei Kremart! Mir hu se prett so stoen, se waarde just nach op Iech 🙂

Weider liesen
-

BUCH WIEN 18: Liesung vum Jean Back

En Donneschdeg, 8. November huet de Jean Back zu Wien aus sengem Buch “Trakl Blues”, der Nummer 4 aus der Serie Kremart Kanephora, gelies. Op der Bühn vun “Der Standard” a moderéiert vum Christiane Kremer. Och de Lëtzebuerger Ambassadeuer Marc Ungeheuer war laanschtkomm. En anere Lëtzebuerger op der Buch Wien 18 war de Poetry-Slammer Francis Kirps. Weider Fotoen ...

Weider liesen
-

Liesung zu Lënster: Fir Erwuessener!

Fotoen, Hawaii, Wëllef an zwou Libesgeschichten: Liesung den Donneschdeg, 22. November ëm 19.30 Auer am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster. Presentéiert gi Kuerzgeschichten aus der bekannter Serie SMART: Christiane Kremer: De Wierdermoler Jackie Messerich: Tunnel of Love An aus der neier Serie TIMBA: Marc Wilwert: De groe Star Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer ...

Weider liesen
-

Liesung zu Lënster: Fir Kanner!

Déi kleng Prinzessin, dee faarwegen Elefant an de Lobo, deen net méi schwätze wollt: Liesung fir Kanner de Samschdeg, 24. November um 11 Auer an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster.   Presentéiert ginn déi nei Geschicht vum Christiane Kremer “So mol, Lobo!” an nei Aventurë vun der Klenger Prinzessin. Ausserdeem nach eng Geschicht ...

Weider liesen
-

Wilwert iwwer “De groe Star”, Kremer iwwer “Timba”

Op der Internetsäit rosportlife.lu huet d’Martine sech mat éischte Buch aus der Serie Timba befaasst: “De groe Star” vum Marc Wilwert. An engem Interview mam Auteur gëtt ee gewuer, wat de Marc sech alles beim Schreiwe geduecht huet – eng flott Interpretatiounshëllef, zum Beispill iwwer d’Metapher vun de gekäppte Maulefen an der Geschicht. Da gouf och ...

Weider liesen