Kremart freet sech iwwer de Buchpräis 2019 an der Kategorie Kannerbuch fir: “So mol, Lobo!” vum Christiane Kremer a Vincent Biwer. Felicitatioun! Weider Infoen iwwer d’Buch gëtt et hei. Fotoe vum Jean-Marie a Geneviève Biwer Weider Informatiounen iwwer dat priméiert Buch gëtt et hei.
Weider liesenNews
Kremart Edition @ Walfer Bicherdeeg
Mir feieren d’Buch – heescht et dëse Weekend zu Walfer. A Kremart feiert mat! De Samschdeg, 16. a Sonndeg, 17. November si mir op de Walfer Bicherdeeg, wéi gewinnt an der Hal 2. Kommt laanscht a kuckt, wat mir alles Neies hunn – et ass jett 🙂 Hei geet et bei de komplette Programm vun de Bicherdeeg, déi 2019 hire 25. Gebuertsdag feieren! Kremart huet och zwou ...
Weider liesenDéi 8 Kanephora-Bicher am Iwwerbléck
“Kremart Kanephora – Déi nei Bibliothéik vu Kremart Edition” ass méi grouss ginn: Am Hierscht 2019 goufen d’Bicher “Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti an “Déi Säit dem Scheet” vum Alain Atten virgestallt. Domat huet eis Premium-Rei elo well 8 Bicher vu 6 Auteuren an 3 Sproochen … op d’mannst! D’Bicher sinn op Lëtzebuergesch, ...
Weider liesen“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti virgestallt
“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti gouf en Dënschdeg 5.11.2109 offiziell am Café Gudde Wëllen an der Stad virgestallt. Op der Buchmesse gouf dem Romain Butti säi literareschen Debut presentéiert an diskutéiert. Elo war et héich Zäit, dat och zu Lëtzebuerg ze maachen. Nom Theaterstéck “Fir wann ech net méi kann”, mat deem hien den nationale Literatur-Concours 2018 gewonnen ...
Weider liesen9. November: Kannerliesung an der Ettelbrécker Bibliothéik
D’Prinzessin, den Elmar an e Fräsch, deen danzt! Dat ass den Titel vun der Kannerliesung, de Samschdeg, 9. November um 15 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik. D’Christiane Kremer liest vir, den Entrée ass fräi. Adress: Bibliotheik Ettelbréck, 9, Place de la Libération, L-9060 Ettelbruck, Tel. 26 81 15 32.
Weider liesenDeen neien “Alain Atten” ass do
Den 22. Oktober 2019 war et esou wäit: Zu Biekerech “An der Millen” gouf déi nei Novell vum Alain Atten virgestallt. “Déi Säit dem Scheet” heescht d’Geschicht vum Sproochmates, déi am 17. Joerhonnert an am Norde vu Lëtzebuerg spillt, ënnert anerem. Dofir gouf si och an e sëllege lokale Mondaarte geschriwwen. “Déi Säit dem Scheet” ass e literareschen ...
Weider liesenKremart @ Salon TOPKIDS an der Luxexpo
Dir interesséiert Iech fir Bicher fir kleng Kanner a Kanner? Da besicht eis de Weekend vum 25. a 26. Oktober am Salon TOPKIDS An TOPBABY an der Luxexpo. Samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer. Mir erwaarden Iech am “Corner créatif” um Stand A!
Weider liesenAndré Letria @ Ettelbréck
De portugiseschen Illustrateur André Letria ass den Ament zu Lëtzebuerg, fir säi super flott “Buch iwwer Bicher” virzestellen, dat d’Ettelbrécker Bibliothéik zesumme mat Kremart erausbruecht huet: Wann ech e Buch wier Hei geet et bei en Artikel vum portugisesche Wort respektiv Radio ...
Weider liesen10. November: Lies-Matinée fir Kanner zu Réimech
E Sonndeg, den 10. November moies vun 10 Auer bis ongeféier 11.30 Auer liest de Luc Marteling zu Réimech am Visiteurszenter. Um Programm: D’Linn Lynn, de Kuakerino an den Elmar … Um 10 Auer geet et lass mat enger éischter Liesung, no enger klenger Paus mat mini Mëtschen a Schocki geet et da weider. D’Liesung ass op Lëtzebuergesch. Präis: 5 € pro Kand Eltereneck: Och fir déi Grouss ...
Weider liesen“Poli & Maisy” am “natur musée”
De Samschdeg, 12. Oktober liest d’Christiane Kremer am “natur musée” an dat direkt zweemol: Vun 18h00 bis 18h30 a vun 19h30 bis 20h00 kommen “De Poli an d’Maisy” zu Éieren. An där Geschicht geet et ëm déi aussergewéinlech Frëndschaft tëscht engem Villchen an enger Flantermaus. D’Liesunge fir Kanner sinn am Kader vun der Nuit des Musées. Méi Infoen ...
Weider liesen