De Samschdeg, 12. Oktober liest d’Christiane Kremer am “natur musée” an dat direkt zweemol: Vun 18h00 bis 18h30 a vun 19h30 bis 20h00 kommen “De Poli an d’Maisy” zu Éieren. An där Geschicht geet et ëm déi aussergewéinlech Frëndschaft tëscht engem Villchen an enger Flantermaus. D’Liesunge fir Kanner sinn am Kader vun der Nuit des Musées. Méi Infoen ...
Weider liesenNews
Lëtzebuerger Buchpräis 2019: D’Shortlist ass do!
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg, dëst Joer de 16. a 17. November, gëtt ëmmer de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. Dëst Joer an 3 Kategorien, bei de Kannerbicher ass Kremart mat “So mol, Lobo!” vum Christiane Kremer a Vincent Biwer derbäi. Hei déi komplett Lëscht, wéi d’Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren se matgedeelt huet: Livre jeunesse: Hoscheit ...
Weider liesenPappendag um Mamerhaff: Liesung vum Christiane Kremer
De Sonndge, 6. Oktober vun 11 bis 18 Auer ass e Fest um Mamerhaff: “Feiert mat eis Pappendag an d’Aweiung vun der Spillplaz” heescht et dann. Programm: 11h00: D’Fest geet un. 11h00: Liesung fir Kanner mam Christiane Kremer mat Kreativatelier. Sot w.e.g. mat engem klenge Mail op info@mamerhaff.lu Bescheed, wann Dir un der Liesung wëllt deelhuelen. 14h00: Aweiung vun der ...
Weider liesenLokale Maart an de Rotonden: Kremart ass prett, nei Bicher am Gepäck!
De Weekend vum 28. an 29. September si mir mat enger Auswiel vun eise Bicher um lokale Maart an de Rotonden tëscht der Stater Gare an dem Bouneweger Quartier. Vu moies 10 bis owes 6, den Entrée ass gratis! Nei ze entdecke gëtt et bei eis ënnert anerem “Wann ech e Buch wier”, “Dee klenge wäisse Fësch lauschtert Waassermusek”, “Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, ...
Weider liesenDéi gutt Liesbännercher aka “Zeichenlitzen”
Das bestätigen wir gerne 😉: Unsere #Kremart #Kanephora-Reihe hat 3 #Lesebändchen aka #Zeichenlitzen – sie umfasst Bücher auf #Luxemburgisch, #Französisch und #Deutsch, zum Beispiel "#Trakl Blues" von #JeanBack 📚 Mehr hier: https://t.co/ucDB54chJO pic.twitter.com/1NWsBtwvc9 — Kremart Edition (@KremartE) September 24, 2019 Zeichenlitzen klingt auch sehr hübsch! — ...
Weider liesen28. an 29. September: Kremart @ Rotonden
“DE LOKALE MAART” kënnt de Weekend vum 28. an 29. September hannescht an d’Rotonden! Entdeckt 60 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a virstellen: Design, Moud a Bijouen, Iessen a Gedrénks, Bicher, Kanner-Geschier, Fleege-Produiten an allerlee Déngschtleeschtungen. Kremart ass natierlech och nees derbäi!!! Fannt eraus, wat Lëtzebuerg alles ze bidden huet. A bréngt roueg Appetit ...
Weider liesenD’Börsenblatt war zu Lëtzebuerg an d’Linn Lynn ass am Börsenblatt …
Hei den Tweet mam Link op den Artikel: Presse- und Verlegerreise nach Luxemburg: "Als Verleger komme ich mir manchmal vor wie Asterix" https://t.co/ddN28wn6FH — Börsenblatt News (@bbl_news) September 20, 2019
Weider liesenVill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar!
Um Sonndeg de Moien, 22. September gouf deem faarweg karéiertern Elefant Elmar säin 30. Gebuertsdag gefeiert – awer net iergendwou, ma uewen am Aquatower, dem Waassertuerm zu Bäerdref. Mat Geschichten, engem Lidd, enger Käerz an engem Kuch! FOTOGALERIE: Andréck vun der Liesung Den Elmar vum David McKee schwätzt jo zanter e puer Joer och Lëtzebuergesch ...
Weider liesenPREVIEW: Atten & Butti am Oktober
Freet Iech op zwee nei Kanephora-Bicher! Léif Bicherfrënn, freet Iech op eng flott literaresch Rentrée bei @KremartE mat direkt zwee neie #Kanephora-Wierker:– Ein Jahr in Berlin, vum @ButtiRomain – Déi Säit dem Scheet, vum #AlainAttenGanz geschwë gëtt et méi Infoen! pic.twitter.com/nB5NrtJFmG — Kremart Edition (@KremartE) September 8, 2019
Weider liesenPREVIEW: Wann ech e Buch wier
D’Ettelbrécker Bibliothéik huet am Kader vun hirem 10. Gebuertsdag d’Initiativ geholl, d’Buch „Se Eu Fosse Um Livro“ vum Jorge Letria an André Letria zesumme mat Kremart Edition op Lëtzebuergesch erauszebréngen. Am Buch “Wann ech e Buch wier” ass och dee portugiseschen Originaltext dran. Et ass en Hommage un d’Magie vum Buch: poetesch a voller Fantasie. Den André Letria huet ...
Weider liesen