Dir wëllt flott Geschichten héieren? Da mierkt Iech dës 3 Datumer: Samschdeg, 9. November ëm 11 Auer: D’Dinoe si lass! Samschdeg, 23. November ëm 11 Auer: Den Elmar an de Ray Samschdeg, 14. Dezember ëm 11 Auer: Zwou flott Geschichten Rendez-vous allkéiers zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik, den Entrée ass fräi.
Weider liesenNews
D’DINOE SINN UN: 3 nei Kannerbuch-Iwwersetzunge vu Kremart
Léif Leit alleguer, virun der Buchmesse elo am Oktober a virun de Bicherdeeg am November freet sech Kremart, Iech dräi nei Dino-Bicher fir Kanner virzestellen: eent mat vill Witz, eent mat drolege Pop-uppen an eent mat e sëllegen Infoen op Lëtzebuergesch. Der Rei no: 1) Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier E Buch iwwer Dinosaurier … mat engem Hong vir drop? Firwat dat esou ...
Weider liesen18. Oktober: Liesung Jean Back am Peppenger Musée
De Peppenger Musée invitéiert den 18. Oktober 2024 um 19h30 op eng Uucht mam Auteur Jean Back an dem Museker Maurizio Spiridigliozzi. De Jean Back liest Extraiten aus “Nuebelschnéier” an nach net publizéiert Texter. Entrée: 15 € – Studente 5€
Weider liesen„Béischten“: Liesunge mam Jemp Schuster a Claire Parsons
An deem klengen Duerf Kromber geschéien an de Joren 1942 bis 1949 Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen. – Méi iwwer de Bestseller-Roman Béischten gëtt et hei. De Jemp Schuster liest 2024 op e sëllege Plazen aus sengem neie Roman. Begleet gëtt e vun der Musekerin Claire ...
Weider liesenSonndeg, 14. Abrëll (10-18 Auer): Bichermaart zu Biwer am Fancy …
… fir de gudden Zweck a mat ënnert anerem 3 Liesunge fir Kanner am Nomëtteg: 14 Auer: “De Wëllefchen an de Fiisschen” (Dicks) 15 Auer: “Eng Welt, déi gefält” 16 Auer: “Wéi een eng Geschicht erfënnt” a “Ray” Den Entrée ass gratis! Organiséiert vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer FOTOGALERIE vum Kremart-Stand
Weider liesen12. Mäerz: Jean Back @ Cité Bibliothèque
Am Kader vun de “Mardis littéraires” liest de Jean Back aus senger Textsammlung “Nuebelschnéier”. Mat em op der Bün d’Christiane Kremer an de Maurizio Spiridigliozzi suergt fir d’Musek. Rendez-vous en Dënschdeg, den 12. Mäerz ëm 18:30 Auer an der Stadt an der Cité Bibliothèque, Auditorium Henri Beck. Umellen iwwer Tel. 4796 2732 oder E-Mail ...
Weider liesen9. Mäerz: Liesung fir Kanner zu Lënster
Kannerliesung e Samschdeg, den 9. Mäerz ëm 11 Auer zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“. Um Programm: “Wéi een eng Geschicht erfënnt” a “Ray”, iwwersat a virgelies vum Luc Marteling. Sprooch: Lëtzebuergesch, Dauer ca. 45 Min., Entrée fräi.
Weider liesenManuskripter bis 1. Mee: Prix Mameranus 2024 (Communiqué)
Der Prix Mameranus der Stiftung zur Förderung junger Künstler und Künstlerinnen in Luxemburg ist in diesem Jahr der Literatur gewidmet. Teilnehmen können junge Schriftsteller und Schriftstellerinnen, die nicht älter als 30 Jahre sind und zumindest eine selbständige Veröffentlichung aufweisen können. Als Sprachen sind Luxemburgisch, Deutsch, Französisch und Englisch zugelassen. Der Preis ist ...
Weider liesen10 Joer Kremart am CNL
“Eng literaresch Virwëtztut fir 10 Joer Kremart Edition” gouf et en Donneschdeg, 23. November ëm 19:30 Auer zu Miersch am Literaturarchiv. 10 Auteuren an Auteurinnen hunn aus hire Kremart-Wierker gelies, ausgewielt aus 90+ Kannerbicher 70+ Erwuessenebicher 44 Auteuren an Auteurinnen 7 Illustrateuren an Illustrateurinnen 3 Sproochen Erauskomm ass dobäi en – pardon – ...
Weider liesenKATALOG 2024: Hei de PDF eroflueden!
“Déi zweet Dekad”, esou den Titel vun eiser Preface an eisem neie Katalog 2024 – 10 Joer Bicher, déi Freed maachen. Dee kënnt Dir hei als PDF an niddreger Qualitéit (72 ppi/13 MB) eroflueden. Dir kënnt en awer och beim Verlag iwwer Mail bestellen (kontakt@kremart.lu) oder frot an Ärer Librairie dono, mir stellen hinnen der gären zur Verfügung. En ass natierlech gratis. Elo awer ...
Weider liesen