Fir eis Kannerbuch-Serie DÉI KLENG PRINZESSIN hu mir e flotten A1-Pouster maache gelooss. Vun der klenger Prinzessin vum Tony Ross sinn och nach sämtlech Bicher ze kréien. Et sinn 8 Stéck, 2020 kommen der nach zwee derbäi: Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht! ISBN 978-99959-39-68-7 Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn! ISBN 978-99959-39-67-0 Déi kleng Prinzessin: ...
Weider liesenNews
Genéisst d’Liesen!
Fir de Summer oder fir de verlängerte Weekend elo, wann Dir éieren d’Bréck maacht, hu mir déi richteg literaresch Passe-partouten: 20 SMART-Bicher, déi antëscht iwwer 27.000 verkaaft goufen! D’Serie gouf am Summer 2017 ofgeschloss, ma mir hunn nogedréckt an all eenzelt Buch ass nach ze kréien, iwwregens och an enger wäisser oder schwaarzer Box, déi gratis ass, frot an Ärer ...
Weider liesen14. August: 3 Liesungen zu Diddeleng
Hoffentlech ass d’Wieder e Mëttwoch gutt, well da liesen zu Diddeleng am Park Emile Mayrisch, hannert der Kierch, am Kader vum neie Projet “Poesie am Park”: 18 Auer: Christiane KREMER, fir Kanner 19 Auer: Jean BACK, och nei Texter 20 Auer: Anja DI BARTOLOMEO Musek: Christophe Reitz alias All Reitz Reserved Ausserdeem: Picknick-Méiglechkeet am Park (Decken an Iesse ...
Weider liesenZesumme si mer besser – Liesung zu Keespelt 16.6.
Zesumme si mer besser… eng Liesung fir staark Frënn, déi alles erreeche kënnen! E Sonndeg 16.6. um 10 Auer zu Keespelt an der Salle Polyvalente fir Kanner bis ongeféier 7 Joer. An als Stäerkung eng Mëtsch an e Schocki. Umellen op invitation@kehlen.lu bis den 12.6. Org. Commission d’Intégration Gemeng Kielen
Weider liesen1. Prix des lycéens luxembourgeois fir “brèves [re]trouvailles”
“And the winner is …”: Deen éischte “Prix des lycéens luxembourgeois” (qui couronne un récit sorti au Grand-Duché en 2017/18) ass fir d’Laurence Klopp fir “brèves [re]trouvailles”! Um Enn huet eng Stëmm den Ënnerscheed gemaach: 6 waren der fir d’Laurence Klopp a 5 fir de Rafael David Kohn mat “Che Guevara war ein Mörder” ...
Weider liesen19. Mee: Kremart @ KuKi zu Kielen
E Sonndeg, 19. Mee ass et nees esou wäit: De Kultur- a Konscht-Festival invitéiert Grouss a Kleng op Kielen … a Kremart ass och nees derbäi – wéi gewinnt als “Christiane Kremer” 🙂
Weider liesen12. Mee: Kremart um Lëtzebuerger Dag zu Sandweiler
Dëse Sonndeg, 12. Mee tëscht 11 an 18 Auer dréit sech zu Sandweiler am Centre culturel allem ëm d’Lëtzebuerger Kulturallerlee, Konscht, Musik, Literatur, Handwierk, Molerei, Iesskultur, Produiten an esou weider. Organiséiert gëtt dëse Lëtzebuerger Dag vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Sandweiler. Fir Animatioun ass gesuergt a fir z’iessen an ze drénken och …
Weider liesenEsou SMART kënne Miwwele sinn …
Claude, Merci fir d’Foto 😉
Weider liesenKannerliesung zu Réimech de 5. Mee um 10 Auer
“So mol, Lobo”, “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht”, “Den Elmar an dee Friemen” an “Nach eng kleng Geschicht …” an an an … dat sinn ënner anerem d’Geschichten, déi e Sonndeg de 5. Mee tëscht 10.00 an 11.30 Auer gelies ginn zu Réimech am Centre Visit Réimech 1, Route du Vin. Den Entrée ass 5€ fir ...
Weider liesenLiesung beim Erny Ernster den 20. Abrëll
Liesung beim Erny Ernster an der Belle Etoile … Op Besuch déi kleng Prinzessin, de Lobo an aner géckeg Geschichten! Einfach lauschtere komme vu 15 Auer un! Erny Ernster an der Belle Etoile invitéiert op d’Kannerliesung! E Samschden, den 20 Abrëll! Vu 15 Auer u liest am Erny Ernster Belle Etoile d’Christiane Kremer aus hiren eegenen an aus iwwersate Bicher vir.
Weider liesen