Fotoen, Hawaii, Wëllef an zwou Libesgeschichten: Liesung den Donneschdeg, 22. November ëm 19.30 Auer am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster. Presentéiert gi Kuerzgeschichten aus der bekannter Serie SMART: Christiane Kremer: De Wierdermoler Jackie Messerich: Tunnel of Love An aus der neier Serie TIMBA: Marc Wilwert: De groe Star Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer ...
Weider liesenNews
Liesung zu Lënster: Fir Kanner!
Déi kleng Prinzessin, dee faarwegen Elefant an de Lobo, deen net méi schwätze wollt: Liesung fir Kanner de Samschdeg, 24. November um 11 Auer an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster. Presentéiert ginn déi nei Geschicht vum Christiane Kremer “So mol, Lobo!” an nei Aventurë vun der Klenger Prinzessin. Ausserdeem nach eng Geschicht ...
Weider liesenWilwert iwwer “De groe Star”, Kremer iwwer “Timba”
Op der Internetsäit rosportlife.lu huet d’Martine sech mat éischte Buch aus der Serie Timba befaasst: “De groe Star” vum Marc Wilwert. An engem Interview mam Auteur gëtt ee gewuer, wat de Marc sech alles beim Schreiwe geduecht huet – eng flott Interpretatiounshëllef, zum Beispill iwwer d’Metapher vun de gekäppte Maulefen an der Geschicht. Da gouf och ...
Weider liesenZweemol Kultur @ KOX am November
Hei zwee Datumer, fir sech virzemierken: 2 kulturell Rendez-vousen op enger Plaz, wou mir och scho méi dacks mat grousser Freed gelies hunn – am Domaine L & R Kox, 6a, rue des Prés, L – 5561 Remich (kox@pt.lu). 7. November ëm 18h Vernissage vun der Expositioun vum Josée Klincker an Henri Goergen bei am Domaine Laurent & Rita Kox zu Réimech L’exposition de ...
Weider liesenKremart @ Top Kids an Top Baby an der Luxexpo
Wéi ewell déi Jore virdru si mir och dëst Joer nees um Salon fir Kanner, “Top Kids”, a fir Bëbeeën, “Top Baby”, an der Luxexpo The Box. Rendez-vous de 27. an 28. Oktober, also den éischte Weekend vun der Allerhellege-Vakanz. Samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer! Dir fannt eis wéi gewinnt am CORNER CRÉATIF, bei der Bobbycar-Bunn! Kommt laanscht kucken, wat fir flott ...
Weider liesen4 Walen am Elmar-Look!
Mir stelle vir: 4 jonk Artisten – d’Milli an de Lou, d’Nikki an d’Sara! Well “Wale” jo net just dat bezeechnen, wat zu Lëtzebuerg de 14. Oktober war, ma och déi grouss Déieren, déi am Mier schwammen, hate mir opgeruff, Walen am Elmar-Look ze molen, ëmmerhin gëtt et jo eng super flott Geschicht mam faarwegen Elefant, déi heescht: “Den Elmar an ...
Weider liesenEttelbréck: De Lobo, den Elmar an d’Prinzessin
Geschichte fir Kanner vun 3 bis 7 Joer gëtt et de Samschdeg, 20. Oktober 2018 ëm 15 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik (9, place de la Libération, L-9060 Ettelbruck). D’Christiane Kremer stellt do hiert neiste Kannerbuch “So mol, Lobo!” vir. Ausserdeem gi gelies: “Den Elmar an de Reebou”, “Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn” a vläit nach ...
Weider liesenKremart @ Frankfurter Buchmesse
Lëtzebuerg war nees zu Frankfurt a Kremart war och – e bëssen – derbäi. Nieft e puer Bicher, déi um offizielle Stand gewise goufen, hunn e Freideg, 12. Oktober den Auteur Jean Back an d’Christiane Kremer d’Buch “Trakl Blues” aus eiser Kanephora-Rei presentéiert. E Samschdeg, 13. Oktober gouf dunn nach eist neiste Kannerbuch “So mol, ...
Weider liesenVisibilitéit fir déi nei lëtzebuergesch Bicher
D’Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren huet eng Aktioun gestart fir d’Rentrée littéraire 2018. Et geet drëm, zesumme mat de Librairien déi neiste lëtzebuergesch Bicher e bëssen an d’Vitrinn ze stellen: E Poster mécht dofir op si opmierksam an zwar onofhängeg dovun, ob et sech ëm e litterarescht Wierk, e Buch fir Kanner oder e Sachbuch handelt. Ënnert anerem an ...
Weider liesenDen Elmar an d’Linn Lynn beim TUFFI
D’City Bibliothéik an der Stad huet den 29. September hiren 10. Gebuertsdag gefeiert! Den TUFFI hat all seng Frënn invitéiert … … a ganz vill Leit ware komm – grouss a kleng Frënn. A gratuléiert hunn och de faarweg karéierten Elefant Elmar, d’Linn Lynn, d’Lalumi an d’Buedwaassa-Monsta, an enger Liesung vum Luc Marteling. De ganzen Dag war fir vill ...
Weider liesen