News

-

Nomen est omen …

… oder: Le nom oblige! Natierlech gëtt et och e richtegen TIMBA-Timber 🙂 Infoen iwwer déi éischt 5 TIMBA-Bicher gëtt et hei!

Weider liesen
-

“D’Linn Lynn” by Cycle 3.1 (2017-2018) vu Lëntgen

Dëse Projet huet eis Häerzer méi héich schloe gedoen: Mat immenser Freed hunn d’Auteure Luc Marteling an Tom Schartz an de ganze Verlag Kremart gesinn, wat de Cycle 3.1 aus dem Schouljoer 2017-2018 vum Fondamental zu Lëntgen aus dem Buch oder an dësem Fall méi richteg: aus der Buchvirlag “D’Linn Lynn” gemaach huet. “Alles ass voller Linnen” – ënnert ...

Weider liesen
-

A wéi SMART ass dat dann?!?

Beim ALINEA stoungen all eis SMART-Bicher an der Vitrinn … awer net der Rei no, ma de Faarwen no geuerdnet – och eng flott Iddi … vläit fir eng nei Serie?

Weider liesen
-

Lëtzebuergesch richteg schreiwen: Orthographie-Cours zu Waasserbëlleg

Krit Zil wierklech just een i? A wärend keen h méi? A kann ech Vott a Visitt op Lëtzebuergesch wierklech esou schreiwen? Äntwerten op dës an nach op vill aner Froen, déi eis Rechtschreiwung betreffen, gëtt et an engem Orthographie-Cours vum Luc Marteling zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer Mediathéik nieft der Kierch (25, Grand-Rue, L-6630 Waasserbëlleg). De Cours ass ëmmer donneschdes vun ...

Weider liesen
-

Alain Atten @ LiteraTour

E Méindeg, 23. Abrëll um 20 Auer huet de Sproochmates am Café littéraire aus “Alle véierzéin” gelies. “Alle véierzéin” heescht dem Alain Atten seng nei Novell, déi vum Luana Maggipinto illustréiert gouf a fir déi den Tom Poull d’Fotoe gemaach huet. De Layout ass vum Tom Schartz vu Presss. “Alle véierzéin” ass de sechste Band an der Serie ...

Weider liesen
-

Alain Atten mat “Alle véierzéin” an der Brasserie “Um Dierfgen”

E Freideg den Owend, 23. Mäerz 2018 huet den Alain Atten an der Stad gelies. Organiséiert gouf d’Liesung vun der Confrérie Saint-Michel. “Alle véierzéin” heescht jo dat neiste Buch vum Sprochmates. Den Alain Atten hëlt de Lieser dora mat op eng Rees duerch Zäit a Raum a gläichzäiteg och mat op eng linguistesch Excursioun: D’Geschicht vum Nickela alias Colinot, deen op ...

Weider liesen
-

Staark Fraen, staark Autorinnen!

Den Dënschdeg, 20. Mäerz hunn zu Diddeleng “opderschmelz” am Kader vum internationale Fraendag 4 Autorinnen hir Wierker presentéiert. 20.03.2018 // 19:30H SCHRËFTSTELLERINNEN – ECRIVAINES – AUTORINNEN WE LOVE GIRRRLS La littérature luxembourgeoise est riche en talents féminins. Nous avons invité 4 femmes qui liront de leurs oeuvres récentes. Elles nous amèneront dans ...

Weider liesen
-

Kremart @ De Lokale Maart zu Ettelbréck

Déi éischt Experienz zu Ettelbréck war super an dowéinst ass Kremart och dës Kéier nees mat Freed derbäi: Rendez-vous de Samschdeg, 24. a Sonndeg, 25. Februar vun 10 bis 18 Auer an der Däichhal um “DE LOKALE MAART” … deen d’lescht Joer eng 6.000 Leit ugelackelt hat! Dës sinn zirka 70 Stänn do, ausserdeem Food-Trucken – also kommt bis luussen! Mir freeën eis op ...

Weider liesen