News

-

14. Januar zu Mamer: E literareschen Apero fir den 80. Gebuertsdag vum Josy Braun

Dëse 14. Januar wier ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren 80 Joer al ginn. De Josy Braun, deen den 3. August 2012 am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass, huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretstexter, Gedichter, Héierspiller … Seng Handschrëft a seng Fieder bleiwe lieweg a senge ville Publikatiounen, a sengem Engagement fir ...

Weider liesen
-

Elmar, Prinzessin, Plooschter, Lynn …

Liesung fir Kanner den Donneschdeg, 21. Dezember zu Jonglënster. Gelies ginn deen Dag um 16.15 Auer ë.a. “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un”, “D’Sich vum Pappa Séipäerdchen” an “Blosen, tréischten, Plooschter drop”. Um 17 Auer dann nach “Den Elmar an de Super El”, “Den Elmar am Schnéi”, “D’Geschicht vun der Faarfdrëps ...

Weider liesen
-

Am 1. Dezember: „Trakl Blues“ in der Escher Kulturfabrik

Buchvorstellung mitsamt Filmvorführung Ein österreichischer Dichter steht am Freitag, den 1. Dezember 2017 in Esch/Alzette im Mittelpunkt: „Trakl Blues“ lautet der Titel einer Soiree in der Kufa, wie das gleichnamige Buch von Jean Back, das soeben in der Kanephora-Reihe von Kremart Edition erschienen ist und an dem Abend vorgestellt wird. Das „Memory zum Luxemburger Amateurfilm ,Die junge ...

Weider liesen
-

Kremart-Katalog 2018

Eisen neie Katalog ass do – mat alle Bicher, déi mir den Ament hunn, an och scho mat e puer Bicher, déi mir fir 2018 plangen … natierlech net mat allen 🙂 Dir kënnt de Katalog hei eroflueden (bis den 2. Dezember), Dir fannt en awer och a verschiddene Librairien oder Dir bestellt e bei eis (da maile mir Iech en). Hei de Cover an e puer Auszich:

Weider liesen
-

Magnum Smart: Eng gutt Lies!

Dir sidd op der Sich nom perfekte Kaddo fir d’Feierdeeg um Enn vum Joer oder fir soss eng Geleeënheet? Dann hu mir hei vläit déi perfekt Iddi: eng schick Këscht mat enger grousser Fläsch a ville klenge Bicher (an engem schwaarzen oder enger wäisser Box)! Wat ass genee dran: eng Magnum-Fläsch (1,5 l) Riesling 2016 Stadtbredimus Dieffert mat der Mentioun Grand Premier Cru an déi ...

Weider liesen
-

Walfer Bicherdeeg: Merci … bis an engem Joer!

D’Bicherdeeg si gelaf a si ware flott: MERCI Iech allen – allen, déi do waren, allen, déi eis e Feedback ginn hunn, a besonnesch der Walfer Gemeng! No zwee intensiven Deeg war um Sonndeg den Owend, géint 20 Auer, alles geraumt oder, fir am Buchjargon ze bleiwen: d’Blat gebotzt! … et war: S M A R T 🙂 Hei e klengt Bild aus der Smart-Liesung am CAW mat Jackie, Gintare, ...

Weider liesen
-

Kremart Edition op de Walfer Bicherdeeg: Besicht eis!

Kommt laanscht um flotten, traditionelle Rendez-vous zu Walfer: D’Bicherdeeg 2017 sinn den 18. an 19. November, also HAUT a MUER 🙂 Kommt laanscht, entdeckt eis neiste Bicher … a prost mat eis 🙂 A mir proposéieren Iech zwou Liesungen: Eng fir déi Kleng e Samschdeg um 17 Auer. Bei Books for Kids! An eng fir déi Grouss e Sonndeg um 14 Auer – am CAW gëtt et da SMART!!!

Weider liesen
-

Lëtzebuerger Buchpräis 2017: Spezialpräis “Design” fir “D’Linn Lynn”

Eist extravagant Buch “D’Linn Lynn” vum Tom Schartz a Luc Marteling wënnt de Spezial-Präis DESIGN. MERCI dem Jury – mir freeën eis immens! Si stinn hannert der Linn Lynn: De Grafiker Tom Schartz (riets) an den Auteur Luc Marteling. D’LINN LYNN handelt vun de Méiglechkeete vun engem Stréch. ‘t geet ëm Formen, Faarwen a Gefiller.     Den Tom Schartz huet déi ...

Weider liesen
-

“Perdue dans la vallée” quasi an der Péitruss virgestallt …

E Mëttwoch den Owend, 15. November, kuerz virun de Walfer Bicherdeeg 2017, hu mer en neit Buch an der Serie “Kanephora” virgestallt. Et ass de Band Nummer 5: PERDUE DANS LA VALLÉE vum JULIE VINANDY-SCHMIT mat Illustratioune vum Hermann Fuchs.   D’Julie huet schonn d’Bichelchen (och Nummer 5) an der Smart-Serie “Magnificat” geschriwwen. Dat neit Buch ...

Weider liesen