Dëse Weekend gëtt et eng Première: Mir sinn um Salon de l’enfant an der Luxexpo! TOPKIDS ass op e Samschdeg an e Sonndeg vun 10 bis 18 Auer, Dir fannt eis mat engem klizeklenge Stand am “Corner Créatif”, um Stand 3. Kommt laanscht a kuckt Iech eis neiste Kannerbicher un 🙂 Mir freeën eis op Iech!!!
Weider liesenNews
Freet Iech op “D’Linn Lynn”
Op de Walfer Bicherdeeg stelle mir Iech eis lescht Buch fir 2016: D’Linn Lynn. Eng minimalistesch Parabel op d’Liewen – a groussem Format. Vum Luc Marteling (Text) an Tom Schartz (Illustratiounen a Layout).
Weider liesenMir sinn am Kleeserchers-Katalog vum Cactus …
… op d’mannst mat e puer vun eisen neiste Bicher fir Kanner – Merci, Kleeschen!
Weider liesenOp der Buchmesse fonnt: Eist “Häerz”
Am Oktober 2015 hat Kremart zu Frankfurt op der Buchmesse e Buch erbléckt, dat direkt e “Coup de coeur” war: “Dans mon petit coeur” huet et passenderweis geheescht a war vum Jo Witek (Text) a Christine Roussey (Illustratiounen) bei de franséischen Éditions de La Martinière Jeunesse erauskomm. Et handelt sech ëm eng méi opwänneg Produktioun, well am Mëttelpunkt vum Buch ...
Weider liesen“Einfach e Glanzstéck”
De Guy Rewenig am Tageblatt iwwer d’Smart-Geschicht FLAKKA (Nummer 17) vum Nico Helminger: Ëm dëst Buch, pardon Bichelche geet et: FLAKKA, Smart 17 Nozeliesen an dëser Bicherbäilag:
Weider liesenLiesung zu Lënster: Neien Elmar an nei Prinzessin
Loscht op eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin a vum faarweg karéierten Elefant Elmar? Dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech! Um Samschdeg, de 24. September um 10.30 Auer stelle mir an der Lënster Bibliothéik 2 nei Bicher vir: “Déi kleng Prinzessin: Mir ass et schlecht!” an “Den Elmar an d’Iwwerschwemmung”. Ausserdeem gi gelies: “Blosen, ...
Weider liesen“Literatuerm”: Nei Prinzessin an neien Elmar
E Sonndeg, 25. September um 10.30 Auer gëtt et nees eng Lies-Matinée fir Kanner am spektakuläre Kader vum Aquatower zu Bäerdref (106A, rue de Consdorf): 50 Meter iwwerem Buedem kréien déi kleng Geschichte virgelies! Um Programm stinn déi Kéier zwou Nouveautéiten: eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin, “Mir ass et schlecht!” (no “Ech wëll net an d’Bett!” ...
Weider liesen“E Summer wéi eng Saang”
Mat engem Poufert fiert de Bigel vun der Béierfläsch. Den Doudegriewer hëlt zwou gehéiereg Schluppen a stellt déi ugebrache »Clausener« hannescht an de Kierfechtsbur. Deem säi Waasser ass äiskal a gëtt ni temperéiert, och wann d’Luucht driwwer vu Gloust ziddert. E Summer wéi eng Saang! 35 Grad géifen et de Mëtteg, hunn s’am Radio gesot. 30 sinn et der bestëmmt lo schonn ëm eelef Auer. Dat ...
Weider liesenFlott Feedbacken: Dat mécht Freed!
Op der Bestseller-Lëscht fir de Mount August waren déi 4 nei Smart-Bicher alleguer vertrueden: Nummer 14 vum Luc Belling, Nummer 15 vum Tullio Forgiarini, Nummer 16 vum Karin Goedert an Nummer 17 vum Nico Helminger. Dat ass natierlech cool 🙂 Natierlech si sämtlech Smart-Bicher vun 1 bis 17 nach ze kréien! Frou gemaach huet eis och dat, wat de Jeff Baden am Wort iwwert “Allen ...
Weider liesen3 Liesunge fir Kanner zu Lënster beim Equiosk
D’Liesunge sinn ënnert fräiem Himmel, awer just bei guddem Wieder: Mëttwoch, 27. Juli um 15 Auer Donneschdeg, 11. August um 15 Auer Freideg, 9. September um 15 Auer Um Programm z.B. Bicher wéi “De Schudder-Schusch”, “D’Buedwaassa-Monsta”, d’Plooschter-Buch an och nach Elmar-, Kleng-Prinzessin- a Lalumi-Geschichten. Den Entrée ass fräi. Den Equiosk ...
Weider liesen