Dir sidd frou mat dem Tony Ross senger klenger Prinzessin an dem David McKee sengem faarweg karéierten Elefant Elmar? Dann hu mir elo hei eppes fir Iech: Flyere mat Molbiller an der Mëtt. Elo an Ärer Librairie an hei drënner och als Download – natierlech gratis! Mol-Flyer Elmar Mol-Flyer Kleng Prinzessin Déi bannescht Säit ass fir auszemolen. Vill Spaass beim Molen!
Weider liesenNews
Op der Sich no engem Kaddo fir Ouschterdag?
Hei eis Virschléi!
Weider liesenGeckeg Geschichten, perfekt fir d’Fuesent!
Dir sidd frou mat verréckte Geschichten? A mat kuerze Geschichte virum Schlofegoen? Dann ass dat hei dat perfekt Buch: “Nach eng kleng Geschicht … an da séier an d’Bett!” passt och super an d’Fueszäit. Well déi turbulent Episoden hunn et a sech: Esou wuel an “En Ausfluch mam Vëlo” an an “D’Ballerinnen” wéi och an “E Stuerm am ...
Weider liesenMat Gefill(er): Dat perfekt Buch fir Vältesdag
Dir sidd nach op der Sich no engem Kaddo fir Vältesdag/Valentinsdag? Dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech: “A mengem klengen Häerz”! E Buch mat Gefill a mat Gefiller, iwwerzeegt Iech selwer: Haut man ech d’Dier vu mengem Häerz wäit op. Kuckt, wat sech alles doranner verstoppt: Kreesch vu Freed an Tréine vu Leed; mol gëtt aus Angscht déck dora geziddert, mol spillt et engem ...
Weider liesenDEN ELMAR geet trëppelen … a begéint e Friemen
Ëmmer aktuell sinn déi zwee lescht Elmar-Bicher, déi Kremart presentéiert huet: D’Aventurë vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant hunn einfach eppes Zäitloses! Awer der Rei no: Den Elmar ass op engem klengen Trëppeltour a gesäit an héiert fantastesch Saachen. Mä déi aner Déiere sinn ze beschäftegt, fir stoen ze bleiwen a se mat him ze genéissen. Erënnert dat dech un näischt? ...
Weider liesenELMAR: Molbiller, fir erofzelueden
Hei e puer Virlagen, déi just drop waarden, faarweg gemoolt ze ginn: (Hei gëtt et weider Informatiounen iwwer d’Elmar-Bicher) ELMAR: PDF, fir erofzelueden ELEFANTEN: PDF, fir erofzelueden Kaart: PDF, fir erofzelueden LABYRINTH: PDF, fir erofzelueden
Weider liesenKremart Edition bei Reading Luxembourg
“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti, “D’Linn Lynn” vum Luc Marteling an Tom Schatz (Kannerbuch) an “da ist was im busch” vum Tania Naskandy waren am “internationale” Kremart-Katalog vu Reading Luxembourg Hei de PDF als Download. An hei den ISSUU-Link, do fënnt een och d’Kataloge vun anere Verlagen:
Weider liesen“Lies a fléi”: De Katalog vun de Kannerbicher
Dir sidd op der Sich no engem Iwwerbléck iwwer sämtlech Kannerbicher, déi zu Lëtzebuerg erauskomm an nach ëmmer ze kréie sinn? Dann ass de Katalog 2020 “Lies a fléi” genee dat richteg. Op 128 Säite bitt e kuerz Infoe vun de Kannerbicher. Erausbruecht huet en den Educatiounsministère an op deem sengem Internetsite ass en och gratis erofzelueden: De “Lies a fléi” um Site ...
Weider liesenSchonn iwwer 31.500 Smart-Bicher verkaaft!
Léif Leit, Léif Lieser, Léif Librairen, mat eng ganz gudder a ganz encourageanter Nouvelle wëlle mir an dat neit Joer starten: Vun der Serie Smart goufen antëscht iwwer 31.500 Bicher – oder éischter Bichelcher – verkaaft. MERCI!!! Dat freet eis immens a mécht sécher och d’Auteure frou. Dorënner e puer Neier, awer och e puer al Huesen. Merci fir Äert Vertrauen, fir Är Geschichten, fir ...
Weider liesen“De Geescht Gubi” gouf am Wort virgestallt
“Welches Buch für welches Kind?” huet d’Luxemburger Wort a senger Ausgab vum 5. a vum 6. Dezember 2020 gefrot. Ënner de proposéierten Äntwerte war och “De Geescht Gubi” vum Guido van Genechten, iwwersat vum Christiane Kremer. Mir hunn eis doriwwer natierlech gefreet (Merci!) a ginn der Zeitung och Recht, well de Gubi wierklech immens, immens gutt ukënnt. Dee ...
Weider liesen