News

-

Den Elmar feiert, feiert mat!

Den Elmar feiert 2019 jo säin 30. Gebuertsdag, dofir heescht déi nei Story dann och: Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar! Wourëm geet et doran? Den Elmar huet Gebuertsdag an d’Elefante wëllen him eng spillen. Si wëllen him eréischt ganz spéit wënschen. Ob dat wierklech esou eng gutt Iddi ass? Net datt si sech um Enn nach selwer erageluecht hunn … Den David McKee huet doraus – ...

Weider liesen
-

14. September: Kannerliesung mat neie “Waassergeschichten”

„De Kuakerino an aner sprëtzeg a lëschteg Geschichte ronderëm d’Waasser“ – esou heescht eng Liesung fir Kanner de Samschdeg, 14. September tëscht 16 an 18 Auer an der Librairie Diderich zu Esch. Am Kader vun der „Nuit de la Culture“ zu Esch invitéieren d’Librairie Diderich a Kremart Edition op d’Presentatioun vun zwee neie Bicher mat enger Liesung fir Kanner vun 3-8 ...

Weider liesen
-

Léiwe Kleeschen, kulturelle Kleeschen!

Den „Niklosdag“ ass den 29. Juli 2019 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg geholl ginn. Felicitatioun deenen, déi dat initiéiert hunn! Weider Infoen op IKI.lu. Den Inventaire vum liewege Kulturpatrimoine ass viru Kuerzem aktualiséiert ginn. De Patrick Dondelinger vum Kulturministère seet, et géif schonn dru geschafft ginn, nach weider Traditiounen op ...

Weider liesen
-

Wann ech e Buch wier …

Freet Iech op en neit Buch, dat am Oktober 2019 erauskënnt! Et geet drëm, wat een alles maache géif (oder kéint), wann een e Buch wier … Den Original ass op Portugisesch a bei Kremart kënnt d’Buch op Lëtzebuergesch eraus mam portugiseschen Originaltext! Realiséiert zesumme mat der Ettelbrécker Bibliothéik, déi dëst Joer hiren 10. Gebuertsdag feiert.

Weider liesen
-

22. September: “Literatuerm” – Liesmatinée fir Kanner

E Sonndeg de Moien, 22. September gëtt et vun 10.30 Auer un eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem – fir Kanner vun 3 bis 8 Joer. Um Programm: – “Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar!“, den Elmar kritt 30 Joer an dat gëtt mat enger neier Geschicht gefeiert! – Eng weider Story vum faarweg karéierten Elefant gëtt gelies: „Den Elmar an dee Friemen”, wou en ...

Weider liesen
-

Eng nei Geschicht, fir dem ELMAR seng 30 Joer ze feieren

2019 feiert den ELMAR vum David McKee säin 30. Gebuertsdag. Dofir kënnt Enn September och eng nei Elmar-Geschicht eraus, déi an enger Liesung am Aquatower zu Bäerdref offiziell virgestallt gëtt. Weider Liesunge si geplangt! David McKee: Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar! ISBN 978-99959-39-88-5, 12,95 Euro Den ELMAR ass jo zu Lëtzebuerg immens populär, disponibel sinn nach dës Geschichte ...

Weider liesen
-

Déi kleng Prinzessin: All déi 8 Bicher sinn nach ze kréien!

Fir eis Kannerbuch-Serie DÉI KLENG PRINZESSIN hu mir e flotten A1-Pouster maache gelooss. Vun der klenger Prinzessin vum Tony Ross sinn och nach sämtlech Bicher ze kréien. Et sinn 8 Stéck, 2020 kommen der nach zwee derbäi: Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht! ISBN 978-99959-39-68-7 Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn! ISBN 978-99959-39-67-0 Déi kleng Prinzessin: ...

Weider liesen
-

Genéisst d’Liesen!

Fir de Summer oder fir de verlängerte Weekend elo, wann Dir éieren d’Bréck maacht, hu mir déi richteg literaresch Passe-partouten: 20 SMART-Bicher, déi antëscht iwwer 27.000 verkaaft goufen! D’Serie gouf am Summer 2017 ofgeschloss, ma mir hunn nogedréckt an all eenzelt Buch ass nach ze kréien, iwwregens och an enger wäisser oder schwaarzer Box, déi gratis ass, frot an Ärer ...

Weider liesen
-

14. August: 3 Liesungen zu Diddeleng

Hoffentlech ass d’Wieder e Mëttwoch gutt, well da liesen zu Diddeleng am Park Emile Mayrisch, hannert der Kierch, am Kader vum neie Projet “Poesie am Park”: 18 Auer: Christiane KREMER, fir Kanner 19 Auer: Jean BACK, och nei Texter 20 Auer: Anja DI BARTOLOMEO Musek: Christophe Reitz alias All Reitz Reserved Ausserdeem: Picknick-Méiglechkeet am Park (Decken an Iesse ...

Weider liesen