News

-

1. Prix des lycéens luxembourgeois fir “brèves [re]trouvailles”

“And the winner is …”: Deen éischte “Prix des lycéens luxembourgeois” (qui couronne un récit sorti au Grand-Duché en 2017/18) ass fir d’Laurence Klopp fir “brèves [re]trouvailles”!   Um Enn huet eng Stëmm den Ënnerscheed gemaach: 6 waren der fir d’Laurence Klopp a 5 fir de Rafael David Kohn mat “Che Guevara war ein Mörder” ...

Weider liesen
-

19. Mee: Kremart @ KuKi zu Kielen

E Sonndeg, 19. Mee ass et nees esou wäit: De Kultur- a Konscht-Festival invitéiert Grouss a Kleng op Kielen … a Kremart ass och nees derbäi – wéi gewinnt als “Christiane Kremer” 🙂

Weider liesen
-

12. Mee: Kremart um Lëtzebuerger Dag zu Sandweiler

Dëse Sonndeg, 12. Mee tëscht 11 an 18 Auer dréit sech zu Sandweiler am Centre culturel allem ëm d’Lëtzebuerger Kulturallerlee, Konscht, Musik, Literatur, Handwierk, Molerei, Iesskultur, Produiten an esou weider. Organiséiert gëtt dëse Lëtzebuerger Dag vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Sandweiler. Fir Animatioun ass gesuergt a fir z’iessen an ze drénken och …  

Weider liesen
-

Kannerliesung zu Réimech de 5. Mee um 10 Auer

“So mol, Lobo”, “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht”, “Den Elmar an dee Friemen” an “Nach eng kleng Geschicht …”  an an an … dat sinn ënner anerem d’Geschichten, déi e Sonndeg de 5. Mee tëscht 10.00 an 11.30 Auer gelies ginn zu Réimech am Centre Visit Réimech 1, Route du Vin. Den Entrée ass 5€ fir ...

Weider liesen
-

Liesung beim Erny Ernster den 20. Abrëll

Liesung beim Erny Ernster an der Belle Etoile … Op Besuch déi kleng Prinzessin, de Lobo an aner géckeg Geschichten! Einfach lauschtere komme vu 15 Auer un! Erny Ernster an der Belle Etoile invitéiert op d’Kannerliesung! E Samschden, den 20 Abrëll! Vu 15 Auer u liest am Erny Ernster Belle Etoile d’Christiane Kremer aus hiren eegenen an aus iwwersate Bicher vir.

Weider liesen
-

23. Abrëll zu Beetebuerg: En Owend fir de Josy Braun

„Queesch derduerch“ heescht den Owend fir de Josy Braun, de Journalist, Kabarettist, Linguist, Schrëftsteller an och Beetebuerger. Um Dag vum Buch, den 23. Abrëll gëtt um 20 Auer zu Beetebuerg am Kader vun der LiteraTour am Literatur-Café un hien erënnert. De Josy Braun (1938-2012) war ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren an huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, ...

Weider liesen
-

Donneschdeg, 25. Abrëll: Den Alain Atten liest zu Mäertert

Den Alain Atten liest aus „Alle véierzéin“ an aus „Déisäit dem Schiet“ an zwar en Donneschdeg, 25. Abrëll um 19.30 Auer zu Mäertert am Centre culturel an der Rue du Parc. De Sproochmates hëlt Iech mat an eng Rees duerch Zäit a Raum: A senger Novell „Alle véierzéien“ geet seng Zäitrees an d’15. Joerhonnert a féiert vun der Meuse bis op d’Musel. Si spillt an iser Géigend! A bleift dofir ...

Weider liesen
-

“So mol, Lobo!” Mat alle Sënner liesen zu Maacher

“Mat alle Sënner liesen” ass de Motto vum Weltdag vum Buch an Droit d’Auteur 2019. Um Programm zu Gréiwemaacher stinn ë.a. zwou Liesunge mam Christiane Kremer, dat hiert Kannerbuch “So Mol, Lobo!” virstellt (héieren). Am ExpoCube vum Kulturhuef Musée ginn déi flott Illustratiounen aus der Fieder vum Vincent Biwer ausgestallt (kucken). Weider geet et mat enger ...

Weider liesen
-

3 Kannerliesungen op engem Weekend

De Weekend vum 23. a 24. Mäerz war Kremart vill ënnerwee: Um Samschdeg de Moien huet d’Christiane Kremer an der Cité-Bibliothéik an der Stad gelies, um Nomëtten de Luc Marteling op der Bio-Bourse um Kass-Haff zu Rolleng bei Miersch an um Sonndeg de Moie stoung nees eng Lies-Matiné am Aquatower zu Bäerdref um Programm … mat Mëscht a Schocki! Zu Éiere koumen: Lobo, Lalumi, Linn ...

Weider liesen