News

-

Kremart @ lokale Maart zu Ettelbréck

De Weekend vum 2. an 3. Mäerz ass zu Ettelbréck an den Däichhalen nees eng méi lass: Dann ass do nees DE LOKALE MAART a Kremart Edition ass natierlech och nees derbäi. Um Samschdeg an um Sonndeg vun 10 bis 18 Auer erwaarden Iech eng 70 Stänn mat lokale Produiten! Kommt laanscht, den Entrée an de Parking si fräi – mir freeën eis op Iech!

Weider liesen
-

Kremart @ Kannerbicherdag: Mat Liesung an neie Bicher!

ET WAR TOPP – MERCI! 🙂 – – – – E Samschdeg, 26. Januar ass et nees esou wäit: Zu Diddeleng am Kulturzenter opderschmelz dréit sech dann nees alles ëm Kannerbicher, well dann ass do de Kannerbicherdag 2019 mat Liesungen, Atelieren, Stänn … Vill Verlage sinn um Rendez-vous a Kremart Edition ass mat vill Freed och nees derbäi! Am Gepäck hu mer zwee ganz nei ...

Weider liesen
-

Smart-News: All Guddes fir 2019!

Dir Dammen an Dir Hären, mir si frou, Iech e puer Informatiounen iwwer eis Bicher-Rei “Smart Kremart by Kremart Edition” zoukommen ze loossen. Den Direkter vum Nationale Literaturzenter zu Miersch, de Claude D. Conter, hat d’Serie, déi am Summer 2017 offiziell ofgeschloss gouf, als “déi erfollegräichst Serie an der Lëtzebuerger Literatur-Geschicht” bezeechent. An ...

Weider liesen
-

Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren: Orthographie-Cours zu Schengen

Ass et Wahlen oder Walen? Gëtt gepräägt wierklech esou geschriwwen? Kritt Ausnam keen h? A Fön och net méi? Firwat huet Giischtjen e j a Kleeschen ch? A wat ass genee den Ënnerscheed tëscht mécht a mëscht? Wann zu Ären Neijoerschvirsätz gehéiert, endlech ze léieren, wéi ee richteg Lëtzebuergesch schreift, oder wann Dir schonn ëmmer dovu gedreemt hutt, dann hu mir hei genee dat Richtegt fir ...

Weider liesen
-

Flott Bicher-Setten als super Promo-Offeren!

Héich Literatur zu engem niddrege Präis? Kee Problem! Bis elo si 6 Bicher an eiser neier Bibliothéik Kanephora erauskomm. All Buch kascht 19,95 Euro. Ma déi 6 Bicher gëtt et fir den hallwe Präis, also net 119,7, ma just 59,85 Euro! 1) Jean Back: Zalto mortale – Dräi Monologen 2) Linda Graf: Die Tage, die Dinge 3) Maryse Krier: Allen Ernstes 4) Jean Back: Trakl Blues 5) Julie Vinandy-Schmit 6) ...

Weider liesen
-

Dir sicht nach e Kaddo? Voilà!

De Coffret “Eng gutt Lies” mat 1 grousser Fläsch an 20 klenge Bicher: Fir 88 Euro gëtt et eng MAGNUM Riesling vu KOX an déi komplett SMART-Serie an engem SET! Beim Verlag, beim Ernster a beim Domaine Kox zu Réimech.  

Weider liesen
-

Et war emol: “Journée du livre” zu Péiteng

De Weekend vum 8. an 9. Dezember steet zu Péiteng d’Buch am Mëttelpunkt. D’Associatioun “Et war emol …” huet eng Journée du livre ograniséiert, mat ville Stänn vu Verlagen a mat enger Rëtsch Liesungen – ideal fir Kanner an ideal fir Leit, déi nach op der Sich no flotte Kaddoe sinn … Kremart ass och zu Péiteng, mat e sëlleche Kanner- a Kaddosbicher! E ...

Weider liesen