News

-

Kremart-Katalog 2018

Eisen neie Katalog ass do – mat alle Bicher, déi mir den Ament hunn, an och scho mat e puer Bicher, déi mir fir 2018 plangen … natierlech net mat allen 🙂 Dir kënnt de Katalog hei eroflueden (bis den 2. Dezember), Dir fannt en awer och a verschiddene Librairien oder Dir bestellt e bei eis (da maile mir Iech en). Hei de Cover an e puer Auszich:

Weider liesen
-

Magnum Smart: Eng gutt Lies!

Dir sidd op der Sich nom perfekte Kaddo fir d’Feierdeeg um Enn vum Joer oder fir soss eng Geleeënheet? Dann hu mir hei vläit déi perfekt Iddi: eng schick Këscht mat enger grousser Fläsch a ville klenge Bicher (an engem schwaarzen oder enger wäisser Box)! Wat ass genee dran: eng Magnum-Fläsch (1,5 l) Riesling 2016 Stadtbredimus Dieffert mat der Mentioun Grand Premier Cru an déi ...

Weider liesen
-

Walfer Bicherdeeg: Merci … bis an engem Joer!

D’Bicherdeeg si gelaf a si ware flott: MERCI Iech allen – allen, déi do waren, allen, déi eis e Feedback ginn hunn, a besonnesch der Walfer Gemeng! No zwee intensiven Deeg war um Sonndeg den Owend, géint 20 Auer, alles geraumt oder, fir am Buchjargon ze bleiwen: d’Blat gebotzt! … et war: S M A R T 🙂 Hei e klengt Bild aus der Smart-Liesung am CAW mat Jackie, Gintare, ...

Weider liesen
-

Kremart Edition op de Walfer Bicherdeeg: Besicht eis!

Kommt laanscht um flotten, traditionelle Rendez-vous zu Walfer: D’Bicherdeeg 2017 sinn den 18. an 19. November, also HAUT a MUER 🙂 Kommt laanscht, entdeckt eis neiste Bicher … a prost mat eis 🙂 A mir proposéieren Iech zwou Liesungen: Eng fir déi Kleng e Samschdeg um 17 Auer. Bei Books for Kids! An eng fir déi Grouss e Sonndeg um 14 Auer – am CAW gëtt et da SMART!!!

Weider liesen
-

Lëtzebuerger Buchpräis 2017: Spezialpräis “Design” fir “D’Linn Lynn”

Eist extravagant Buch “D’Linn Lynn” vum Tom Schartz a Luc Marteling wënnt de Spezial-Präis DESIGN. MERCI dem Jury – mir freeën eis immens! Si stinn hannert der Linn Lynn: De Grafiker Tom Schartz (riets) an den Auteur Luc Marteling. D’LINN LYNN handelt vun de Méiglechkeete vun engem Stréch. ‘t geet ëm Formen, Faarwen a Gefiller.     Den Tom Schartz huet déi ...

Weider liesen
-

“Perdue dans la vallée” quasi an der Péitruss virgestallt …

E Mëttwoch den Owend, 15. November, kuerz virun de Walfer Bicherdeeg 2017, hu mer en neit Buch an der Serie “Kanephora” virgestallt. Et ass de Band Nummer 5: PERDUE DANS LA VALLÉE vum JULIE VINANDY-SCHMIT mat Illustratioune vum Hermann Fuchs.   D’Julie huet schonn d’Bichelchen (och Nummer 5) an der Smart-Serie “Magnificat” geschriwwen. Dat neit Buch ...

Weider liesen
-

“Trakl Blues” zu Salzburg

Fir de Band Nummer 4 an eiser prestigiéiser Serie Kremart Kanephora housch et: “Auf nach Salzburg!” E Méindeg, den 30. Oktober 2017 gouf eist neit Kanephora-Buch “Trakl Blues” vum Jean Back zu Salzburg virgestallt an zwar präzis an der “Georg Trakl Forschungs- und Gedenkstätte”. Datt mer d’Presentatioun zu Salzburg gemaach hunn, huet eng ganz ...

Weider liesen
-

Mir sinn um Salon TOP KIDS & TOP BABY!

De Samschdeg, 4. a Sonndeg 5. November verwandelt sech d’Luxexpo THE BOX an en Eldorado fir Kanner, Bëbeeën … an Elteren! Vun 10 bis 18 Auer gëtt et alles, wat Kanner wëllen an Eltere brauchen. KREMART EDITION ass och do, am Coin des créateurs: Wann Dir also Loscht hutt, eis Nouveautéite kennen ze léieren (oder ze kafen), da kommt laanscht … et gëtt vill ze kucken, mir hu ...

Weider liesen
-

Buchpräis: “D’Linn Lynn” op der “Shortlist”

E Mëttwoch den Owend gouf d’Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2017 presentéiert: An 3 Kategorië goufe jeeweils 5 Bicher zeréckbehalen – an der Kategorie “Kanner- a Jugendbuch” och e Buch, dat bei Kremart Edition erauskomm ass: “D’Linn Lynn” vum Luc Marteling an Tom Schartz. Datt déi minimalistesch Geschicht, déi opulent an Zeen gesat gouf, et op ...

Weider liesen
-

Nuit des musées: Coup de coeur am MNHA

Gudden Owend! Kalispera! Dir fannt hei eng kleng Interventioun vum Luc Marteling, déi hien am Kader vun der Nuit des musées 2017 am Nationalmusée MNHA um Fëschmaart, an der neier Sektioun vun der “Archäologie urbaine”, gemaach huet. Den Auteur, dee bei Kremart Edition matschafft, huet do a senger Funktioun als Chefredakter vun RTL.lu geschwat an een Exponat aus der Kollektioun als ...

Weider liesen