News

-

Lauter Liesungen …

Mir freeën eis, Iech op eng ganz Rëtsch Liesungen an den nächsten Deeg, Wochen a Méint hinzeweisen. Fir Kleng a Grouss! – Samschdeg, 1. Abrëll ëm 11 Auer zu Lënster: Liesung fir Kanner – Sonndeg, 2. Abrëll ëm 14:30 an ëm 15:15 Auer zu Biwer: Liesung fir Kanner (3-7 Joer) an dono fir Erwuessener – Samschdeg, 22. Abrëll ëm 10:30 Auer zu Lënster: Liesung Pit Schlechter, ...

Weider liesen
-

“Lëtzeboia Paranoia”: Liesung den 28. Februar am CNL zu Miersch

De Guy Rewenig an de Pit Schlechter liesen zesummen aus hiren neie Bicher: Lëtzeboia Paranoia heescht hir Liesung den Dënschdeg, 28. Februar 2023 ëm 19:30 Auer am Nationale Literaturzenter (CNL) zu Miersch. (Eng Umeldung ass net néideg, mee wier sécher eng Plaz wëllt kréien, deen ass am beschte fréi un.) Et geet vill ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Wierk De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis ...

Weider liesen
-

Liesung “De Bicherbus” zu Ettelbréck

Déi éischt Kremart-Liesung 2023: En Dënschdeg, 24. Januar liest d’Christiane Kremer ëm 19:30 Auer aus sengem Roman “De Bicherbus” (Serie Kanephora, 2020) an der Bibliothéik zu Ettelbréck.

Weider liesen
-

2023 gëtt FAARWEG! (Hoffentlech)

Léif alleguer, hoffentlech gëtt 2023 e faarwegt Joer. Mir maachen op alle Fall eist Bescht, fir Faarf an d’Spill ze bréngen! 🏳️‍🌈 An dat mat dëse Bicher 📚: 1. WÉI EEN E REEBOU FÄNKT   🌈 🌈 🌈 Eis éischt neit Buch fir dat neit Joer ass eis éischt SUPERFLOTT Koproduktioun mat “Oxford University Press”: D’Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat ...

Weider liesen
-

De Kremart-Katalog 2023 fir erofzelueden

Eng grouss 10 steet um Cover vum neie Katalog vu Kremart. Firwat? Ma et ass de Katalog fir 2023 an 2023 feiert dee klenge Verlag scho seng 10 Joer! Dorop gëtt dann och direkt am Virwuert agaangen. Iwwerschrëft: “Wat opweises?!” Natierlech gëtt de Katalog och en Iwwerbléck iwwer sämtlech Bicher, déi aktuell nach vu Kremart ze kréie sinn – vun de Kannerbicher, mat deenen et ...

Weider liesen
-

Prix Arts et Lettres fir “Das Gangrän” vum Maxime Weber

Mat senger spekulativer Fiktioun “Das Gangrän” hat de Maxime Weber 2021 en Debutroman publizéiert, deen net nëmme bei enger klenger Fan-Community gutt ukomm ass, mee och doriwwer eraus Lieser begeeschtert huet. Wéi gutt d’Wierk vum jonken Auteur ass, gouf elo ënnerstrach, well et gëtt priméiert mam Prix Arts et Lettres vun der Section des Arts et des Lettres vum Institut ...

Weider liesen
-

DE FLÉIEPËLZ krut de Buchpräis 2022!

Ganz häerzlech felicitéiere mir dem Pit Schlechter an dem Pit Weyer, déi mat hirem Buch “De Fléiepëlz” de Buchpräis 2022 an der Kategorie Literatur gewonnen hunn! Beim Optakt vun de Walfer Bicherdeeg 2022 goufen d’Buchpräisser verginn. Op der Foto hei drënner den Auteur Pit Schlechter (2. vu lénks) zesumme mat senger Fra, an der Mëtt d’CNL-Direktesch Nathalie Jacoby a ...

Weider liesen
-

Adventskalenneren: Esou eppes hate mer nach net …

Wéi Kremart Enn 2021 – nach ënnert deem massiven Androck vun der Pandemie – decidéiert huet, en Adventskalenner vum bekannte brittesche Kannerbuchverlag Usborne mat 24 klenge Kannerbicher dran op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen a selwer erauszebréngen, war dat schonn eng riskant Decisioun fir esou e klenge Verlag: Et war nämlech net nëmme vill Aarbecht bannent immens kuerzer Zäit, et war och e ...

Weider liesen
-

Eis Selektioun fir Mammendag (12. Juni 2022)

1) MAMMENDAG, vum Christiane Kremer an Anne Mélan Emblemateschen Titel an éischt Buch vu Kremart Mammendag – Dem Sarah seng Sich nom richtege Cadeau Fir ze liesen a virzeliese fir Kanner vu 6 Joer un ISBN 978-99959-830-0-0, 40 Säiten, 15 Euro Deux super recueils de nouvelles de LAURENCE KLOPP, chéris par la critique : 2) La dame à la mise en plis mauve Illustrations : Natacha Paschal ISBN ...

Weider liesen
-

An der Musel- an an der Sauerzeidung …

… weist Kremart op e puer vu sengen aktuelle Bicher hin! 📗 @HoscheitJhemp: #TëschentdenZeilen 📕 @chrikremer: #DeBicherbus 📙 #JeanPaulMaes: #Rehaugen 📓 @l0rgthar: #DasGangrän Déi dräi éischt Bicher sinn aus der Serie Kanephora, déi zu Maacher vu creative corner designt ginn! Méi Infoen hei!

Weider liesen