News

-

Ganz flott Prinzessinne-Liesung zu Lënster

Eng Liesung fir kleng a grouss Prinzessinnen an natierlech och fir Bouwe gouf et de Samschdeg, 29. Abrëll um 10.30 Auer zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” (Rue du Village). D’Christiane Kremer huet do déi geschichte vun der “Klenger Prinzessin” vum Tony Ross, déi si bis elo op Lëtzebuergesch iwwersat huet, virgelies: ...

Weider liesen
-

Bicher an der Belle Étoile

Vum 9. bis den 13. Mee ass beim Ernster an der Belle Étoile eng méi lass – do gëtt et dann nämlech allerlee Animatioune ronderëm d’Buch. Fir Kremart ass d’Christiane Kremer direkt den éischten Dag do, fir den Optakt um Dënschdeg, 9. Mee um 15 Auer. Mat Geschichte vun der “Klenger Prinzessin” vum Tony Ross, mam David McKee sengem “Elmar” an natierlech ...

Weider liesen
-

Fangerstempelen ass in!

Mat grousser Freed hu mir am neien “Panewippchen”, Nummer 118 (1/2017), vum “natur musée” an der Rubrik “Kniwwel” eppes iwwer Fangerdéiere gesinn: Abee, am Hierscht bréngt Kremart och e Buch mat Fangerstempelen eraus – an och eise Sujet sinn DÉIEREN! Freet Iech drop, hei e klengen Avant-Goût: D’Buch ass voller fantastesche Virlagen!  

Weider liesen
-

Kanner-Liesung zu Esch an der Librairie ABC

Um Samschdeg, 25. Mäerz vu 14 bis zirka 15 Auer si mir zu Esch an der Librairie ABC a liesen do ënnert anerem aus de Kannerbicher “D’Sich vum Pappa Séipäerdchen” a “Jidderee gaapst” a mer presentéieren do och zwee nei Bicher: “Den Elmar an d’Course” an “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen!”. Den Entrée ass gratis, ...

Weider liesen
-

Mir krute vill Päck …

… an de leschte Wochen an eist Lager bruecht. An anere Wierder: Freet Iech nach op vill flott Geschichte fir Grouss a Kleng, déi am Laf vum Joer nach erauskommen 🙂

Weider liesen
-

5 Leit hu gelies, 50 Leit ware komm …

… am Fong souguer nach e puer méi 🙂 Merci fir dee schéine Liesowend zu Kielen. Ënnert dem Motto “Mënschen, Matmënschen a Bezéiungen” hunn Linda Graf, Laurence Klopp, Josiane Kartheiser a Jean Back an och nach d’Christiane Kremer gelies – am Kader vum Internationale Fraendag. Den Yves Popow huet den Owend musikalesch op der Marimba verschéinert! An heidrëm goung ...

Weider liesen
-

Lënster Bibliothéik: 5 Kanner-Liesunge fir 10 Joer

D’Lënster Bibliothéik feiert Gebuertsdag an de Verlag Kremart Edition feiert mat: Zesummen invitéiere si op fënnef Lies-Matinéeë fir Kanner, allkéiers op engem Samschdegmuere vun 10.30 Auer un an allkéiers an der Lënster Bibliothéik am Kulturzenter „Am Duerf“ zu Jonglënster an der Rue du Village. Den Entrée ass fräi! P R O G R A M M Samschdeg, 23. Mäerz um 10h30: Eng Liesung fir déi ganz ...

Weider liesen
-

Liesung zu Leideleng: 7 x Smart

De Cercle Culturel & Historique vu Leideleng a Kremart Edition invitéieren op d’Liesung „7 X Smart“ en Donneschden, 23. Mäerz um 19.30 Auer zu Leideleng am Kulturzenter „An der Eech“ am Sall Rob Roemen (6, rue Eich). Mir verspriechen e faarwegen an ofwiesslungsräichen Owend! Aus hire Smart-Bicher liesen: Julie Vinandy-Schmit („Magnificat“, Smart 5), Alain Atten ...

Weider liesen