Unser viel gelobter Roman “Das Gangrän”, Speculative Fiction von Maxime Weber aus Luxemburg, ist ab sofort auch in Berlin in der Fachbuchhandlung Otherland zu haben. oppo_2 Mehr über Buch und Autor gibt’s hier. oppo_2
Weider liesenNews
Fir den Optakt vun der FBM: flotten Artikel am Quotidien
Dora koum ë. a. och d’Christiane Kremer vu Kremart zu Wuert a koum och op eis Serie SMART ze schwätzen! 🙂 De PDF vum Artikel.
Weider liesenWort: Grousse Luef fir dem Alain Atten seng “Hobitz”
E Samschdeg, de 25. September huet de Marcel Kieffer am Lëtzebuerger Wort eng herrlech Rezensioun iwwer dem Alain Atten seng Novell “D’Hobitz” geschriwwen. De Feedback war imminent, d’Nofro ass direkt an d’Luucht geschooss! Méi Infoen iwwer d’Hobitz gëtt et hei!
Weider liesenLiterareschen Owend am INL
D’Méisproochegkeet an der Lëtzebuerger Literatur – ënnert dësem Motto stoung e literareschen Owend de 14. Oktober 2021 am INL um Glacis. Et hu gelies: Christiane Kremer, Josiane Kartheiser, Romain Butti a Laurent Moyse. Moderatioun: Jeff Baden. Begréissung: Maisy Gorza.
Weider liesen“Super Maart” an de Rotonden
De 25. a 26. Oktober 2021 war deen éischte “Super Maart” an de Rotonden … a Kremart war derbäi! Zesumme mat der Rotondes a.s.b.l. huet Kremart jo dat éischt lëtzebuergescht AR-Kannerbuch erausbruecht: D’Sandmeedchen – Eng Posch voll Dreem. Offiziell Info: Les Rotondes ouvrent la saison 21/22 sur une nouveauté : SUPER MAART, le marché dédié aux ...
Weider liesenMéi wéi 33.000 Smart-Bicher verkaaft!
Den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch an un der Lëtzebuerger Literatur ass grouss. Dat ass op d’mannst de Constat, deen een aus de Verkafschiffrë vun der Serie Smart Kremart kann zéien: Vun de klenge faarwege Bichelcher mat allkéiers enger Kuerzgeschicht op Lëtzebuergesch goufen antëschent iwwer 33.000 Exemplairë verkaaft. Scho viru Joren hat den deemolegen Direkter vum CNL, Claude ...
Weider liesenDe Coronavirus an de Covid: E Buch iwwer d’Pandemie fir Kanner
Wat ass de Covid? A firwat schwätzt jiddereen dovun? Mat engagéierten Illustratioune vum Axel Scheffler, dem Zeechner vum „Grüffelo“, hëlleft dëst Buch, Äntwerten ze ginn op déi Froen an op vill anerer. Et koum am Joer 2020 an digitaler Form eraus a gouf elo am Mee 2021 aktualiséiert. Et gëtt kloer Informatiounen iwwer de Covid-19 a seng Auswierkungen – an dat aus gesondheetlecher Perspektiv, ...
Weider liesenKleng Prinzessin an Elefant Elmar: Mol-Flyeren, gratis!
Dir sidd frou mat dem Tony Ross senger klenger Prinzessin an dem David McKee sengem faarweg karéierten Elefant Elmar? Dann hu mir elo hei eppes fir Iech: Flyere mat Molbiller an der Mëtt. Elo an Ärer Librairie an hei drënner och als Download – natierlech gratis! Mol-Flyer Elmar Mol-Flyer Kleng Prinzessin Déi bannescht Säit ass fir auszemolen. Vill Spaass beim Molen!
Weider liesenOp der Sich no engem Kaddo fir Ouschterdag?
Hei eis Virschléi!
Weider liesenGeckeg Geschichten, perfekt fir d’Fuesent!
Dir sidd frou mat verréckte Geschichten? A mat kuerze Geschichte virum Schlofegoen? Dann ass dat hei dat perfekt Buch: “Nach eng kleng Geschicht … an da séier an d’Bett!” passt och super an d’Fueszäit. Well déi turbulent Episoden hunn et a sech: Esou wuel an “En Ausfluch mam Vëlo” an an “D’Ballerinnen” wéi och an “E Stuerm am ...
Weider liesen