News

-

Kremart @ Top Kids an Top Baby an der Luxexpo

Wéi ewell déi Jore virdru si mir och dëst Joer nees um Salon fir Kanner, “Top Kids”, a fir Bëbeeën, “Top Baby”, an der Luxexpo The Box. Rendez-vous de 27. an 28. Oktober, also den éischte Weekend vun der Allerhellege-Vakanz. Samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer! Dir fannt eis wéi gewinnt am CORNER CRÉATIF, bei der Bobbycar-Bunn! Kommt laanscht kucken, wat fir flott ...

Weider liesen
-

4 Walen am Elmar-Look!

Mir stelle vir: 4 jonk Artisten – d’Milli an de Lou, d’Nikki an d’Sara! Well “Wale” jo net just dat bezeechnen, wat zu Lëtzebuerg de 14. Oktober war, ma och déi grouss Déieren, déi am Mier schwammen, hate mir opgeruff, Walen am Elmar-Look ze molen, ëmmerhin gëtt et jo eng super flott Geschicht mam faarwegen Elefant, déi heescht: “Den Elmar an ...

Weider liesen
-

Ettelbréck: De Lobo, den Elmar an d’Prinzessin

Geschichte fir Kanner vun 3 bis 7 Joer gëtt et de Samschdeg, 20. Oktober 2018 ëm 15 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik (9, place de la Libération, L-9060 Ettelbruck). D’Christiane Kremer stellt do hiert neiste Kannerbuch “So mol, Lobo!” vir. Ausserdeem gi gelies: “Den Elmar an de Reebou”, “Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn” a vläit nach ...

Weider liesen
-

Kremart @ Frankfurter Buchmesse

Lëtzebuerg war nees zu Frankfurt a Kremart war och – e bëssen – derbäi. Nieft e puer Bicher, déi um offizielle Stand gewise goufen, hunn e Freideg, 12. Oktober den Auteur Jean Back an d’Christiane Kremer d’Buch “Trakl Blues” aus eiser Kanephora-Rei presentéiert.   E Samschdeg, 13. Oktober gouf dunn nach eist neiste Kannerbuch “So mol, ...

Weider liesen
-

Visibilitéit fir déi nei lëtzebuergesch Bicher

D’Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren huet eng Aktioun gestart fir d’Rentrée littéraire 2018. Et geet drëm, zesumme mat de Librairien déi neiste lëtzebuergesch Bicher e bëssen an d’Vitrinn ze stellen: E Poster mécht dofir op si opmierksam an zwar onofhängeg dovun, ob et sech ëm e litterarescht Wierk, e Buch fir Kanner oder e Sachbuch handelt. Ënnert anerem an ...

Weider liesen
-

Den Elmar an d’Linn Lynn beim TUFFI

D’City Bibliothéik an der Stad huet den 29. September hiren 10. Gebuertsdag gefeiert! Den TUFFI hat all seng Frënn invitéiert … … a ganz vill Leit ware komm – grouss a kleng Frënn. A gratuléiert hunn och de faarweg karéierten Elefant Elmar, d’Linn Lynn, d’Lalumi an d’Buedwaassa-Monsta, an enger Liesung vum Luc Marteling. De ganzen Dag war fir vill ...

Weider liesen
-

Mat neie Kannerbicher um lokale Maart an de Rotonden

Dir wëllt de Lobo kenneléieren? Dir wëllt erausfannen, wat Potti-Musek ass? Dir wëllt d’Neioplo vum Buch mam Zuch entdecken? An dir wëllt gewuer ginn, wéi den Elmar de Reebou rett? Da kommt op DE LOKALE MAART dëse Weekend an de Rotonden zu Bouneweg, bei der Stater Gare. Mir sinn e Samschdeg an e Sonndeg vun 10 bis 18 Auer fir Iech do. A mir freeën eis op Äre Besuch! D’Entrée ass ...

Weider liesen
-

Fir d’Walen: Moolt eis Walen am Elmar-Look!

A genee engem Mount gëtt zu Lëtzebuerg gewielt, de 14. Oktober si Walen. Walen? Jo, Walen! Déi, bei deenen ee wielt, an déi, déi schwammen, kann een elo d’selwecht schreiwen – an zwar ouni h. Natierlech geet och nach ëmmer déi al Variant mat h. (Weider Detailer op www.lod.lu, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire.) Eng Verwiesselungsgefor tëscht de Walen (an der Kabinn) an de ...

Weider liesen
-

Gintare Parulyte a Laurence Klopp den 9. Oktober zu Mamer

Den 9. Oktober ëm 19 Auer gëtt et Fra-Power am Kinneksbond: Direkt zwou Kremart-Autorinnen trieden dann do op! Fotoen: Antje Taiga Jandrig a Claude Piscitelli Hei den offiziellen Text: Fir dës éischt Editioun vu „Story Time“ stinn d’Dammen am Mëttelpunkt! D’Schauspillerin Gintare Parulyte wäert ons Fuck virliesen, seng éischt Kuerz­geschicht op Lëtzebuergesch déi, an enger ganz ...

Weider liesen
-

“Literatuerm” mat engem neien Elmar am Aquatower

Um Sonndeg de Moien, 23. September gëtt et fir Kanner vun 3 bis 7 Joer eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem. Vun 10.30 bis 12 Auer. Um Programm stinn: – eng nei Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: “Den Elmar an de Reebou” – déi zwou flott Geschichten “Den Elmar an de Päiperlek” an “Den Elmar an d’Course” – an eng Geschicht ...

Weider liesen