Mir sinn nees derbäi, um coole lokale Maart. Déi Kéier zu Ettelbréck an der Däichhal. Um Weekend vum 4. a 5. Mäerz! Kommt laanscht, hei eis Offer 🙂
Weider liesenNews
Liesowend zu Kielen: Mënschen, Matmënschen a Bezéiungen
Linda Graf, Laurence Klopp, Josiane Kartheiser a Jean Back: Véier Auteure liesen am Kader vum Internationale Fraendag “Gees de mat?”, freet d’Josiane Kartheiser a hirer Kuerzgeschicht mam nämmlechten Titel. Eng éiergäizeg Fra an en emanzipéierte Mann sichen eng Äntwert op d’Fro, ob d’Fra fir hir Bank zu Singapur Carrière maache soll … Ëm komplizéiert ...
Weider liesenKremart um Kannerbicherdag zu Diddeleng
De Samschdeg, 28. Januar ass et nees esou wäit: Vun 10 bis 18 haut heescht et dann am Diddelenger Kulturzenter opderschmelz KANNERBICHERDAG! Kremart Edition ass och nees derbäi a stellt do, wann een esou wëll, seng zwee neiste Bicher vir: “Jidderee gaapst” an “D’Sich vum Pappa Séipäerdchen“, allebéid vun der bekannter hollännescher Autorin an Zeechnerin Anita ...
Weider liesen“Soirée Smart” zu Jonglënster
D’Lënster Bibliothéik feiert Gebuertsdag a mir feiere mat: Fir déi 10 Joer huet Kremart 6 Smart-Auteuren invitéiert: Freet Iech op eng “Soirée Smart” e Mëttwoch, 8. Februar zu Lënster am Kulturzenter “Am Duerf”. Déi weider Informatiounen hei drënner:
Weider liesenDuo Krier-Lecuit an der Stad
D’Maryse Krier, Autorin vun “Allen Ernstes”, kënnt Dir deemnächst no der Liesung de Freideg, 27. Januar um 19.30 Auer am Atelier Paradiso zu Beetebuerg (15, Rue Sigefroi, L-3280 Bettembourg, www.atelier-paradiso.lu) elo nach eemol erliewen: Den Dënschdeg, 7. Februar um 18.30 Auer an der Cité Bibliothek, am Kader vun den “mardis littéraires”, Agang ...
Weider liesen10. Januar: Kanephora-Owend am Kasemattentheater
Kremart Edition start literaresch an dat Neit Joer: Mat engem Kanephora-Owend um Dënschdeg, den 10. Januar 2017 um 19.30 Auer am Kasematten-Theater zu Bouneweg (14, Rue du Puits). Um Programm stinn déi 3 éischt Wierker aus der “Kremart Kanephora”-Rei: 1) Jean Back: Zalto mortale 2) Linda Graf: Die Tage, die Dinge 3) Maryse Krier: Allen Ernstes Um Saxophon: Anaïs ...
Weider liesenWalfer Bicherdeeg: MERCI!
Léif Leit, Héije Besuch bei Kremart – Foto: Pierre Levy, Levygraphie Merci all deenen, déi eis op de Stand besiche komm sinn! Merci eise Lieser an eisen Auteuren, Merci den Offiziellen a virun allem Merci der Walfer Gemeng! D’Députée-Maire Joëlle Elvinger an d’Christiane Kremer. Eis huet et gutt gefall a Kremart zitt e ganz positive Bilan – a freet sech schonn op ...
Weider liesenKremart @ TOPKIDS an der Luxexpo
Dëse Weekend gëtt et eng Première: Mir sinn um Salon de l’enfant an der Luxexpo! TOPKIDS ass op e Samschdeg an e Sonndeg vun 10 bis 18 Auer, Dir fannt eis mat engem klizeklenge Stand am “Corner Créatif”, um Stand 3. Kommt laanscht a kuckt Iech eis neiste Kannerbicher un 🙂 Mir freeën eis op Iech!!!
Weider liesenFreet Iech op “D’Linn Lynn”
Op de Walfer Bicherdeeg stelle mir Iech eis lescht Buch fir 2016: D’Linn Lynn. Eng minimalistesch Parabel op d’Liewen – a groussem Format. Vum Luc Marteling (Text) an Tom Schartz (Illustratiounen a Layout).
Weider liesenMir sinn am Kleeserchers-Katalog vum Cactus …
… op d’mannst mat e puer vun eisen neiste Bicher fir Kanner – Merci, Kleeschen!
Weider liesen