Mat senger spekulativer Fiktioun “Das Gangrän” hat de Maxime Weber 2021 en Debutroman publizéiert, deen net nëmme bei enger klenger Fan-Community gutt ukomm ass, mee och doriwwer eraus Lieser begeeschtert huet. Wéi gutt d’Wierk vum jonken Auteur ass, gouf elo ënnerstrach, well et gëtt priméiert mam Prix Arts et Lettres vun der Section des Arts et des Lettres vum Institut ...
Weider liesenNews
DE FLÉIEPËLZ krut de Buchpräis 2022!
Ganz häerzlech felicitéiere mir dem Pit Schlechter an dem Pit Weyer, déi mat hirem Buch “De Fléiepëlz” de Buchpräis 2022 an der Kategorie Literatur gewonnen hunn! Beim Optakt vun de Walfer Bicherdeeg 2022 goufen d’Buchpräisser verginn. Op der Foto hei drënner den Auteur Pit Schlechter (2. vu lénks) zesumme mat senger Fra, an der Mëtt d’CNL-Direktesch Nathalie Jacoby a ...
Weider liesenAdventskalenneren: Esou eppes hate mer nach net …
Wéi Kremart Enn 2021 – nach ënnert deem massiven Androck vun der Pandemie – decidéiert huet, en Adventskalenner vum bekannte brittesche Kannerbuchverlag Usborne mat 24 klenge Kannerbicher dran op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen a selwer erauszebréngen, war dat schonn eng riskant Decisioun fir esou e klenge Verlag: Et war nämlech net nëmme vill Aarbecht bannent immens kuerzer Zäit, et war och e ...
Weider liesenEis Selektioun fir Mammendag (12. Juni 2022)
1) MAMMENDAG, vum Christiane Kremer an Anne Mélan Emblemateschen Titel an éischt Buch vu Kremart Mammendag – Dem Sarah seng Sich nom richtege Cadeau Fir ze liesen a virzeliese fir Kanner vu 6 Joer un ISBN 978-99959-830-0-0, 40 Säiten, 15 Euro Deux super recueils de nouvelles de LAURENCE KLOPP, chéris par la critique : 2) La dame à la mise en plis mauve Illustrations : Natacha Paschal ISBN ...
Weider liesenAn der Musel- an an der Sauerzeidung …
… weist Kremart op e puer vu sengen aktuelle Bicher hin! 📗 @HoscheitJhemp: #TëschentdenZeilen 📕 @chrikremer: #DeBicherbus 📙 #JeanPaulMaes: #Rehaugen 📓 @l0rgthar: #DasGangrän Déi dräi éischt Bicher sinn aus der Serie Kanephora, déi zu Maacher vu creative corner designt ginn! Méi Infoen hei!
Weider liesen“Tëschent den Zeilen” vum Jhemp Hoscheit virgestallt
E Samschdeg, 30. Abrëll war et – endlech – esou wäit: Zu Esch an der Librairie Diderich gouf dem Jhemp Hoscheit säin neie Roman “Tëschent den Zeilen” virgestallt. Merci fir dee sympatheschen Ament. An elo: GUTT LEKTÜR!
Weider liesenLiesung zu Stengefort – e puer Andréck
Eng Kremart-Liesung mat den Auteure Jean-Paul Maes, Yorick Schmit, Julie Vinandy-Schmit a Christiane Kremer gouf et en Donneschdeg, 21. Abrëll 2022 ëm 20 Auer an der Aler Schmelz zu Stengefort. Um Programm: Extraiten aus Romaner aus der Serie Kanephora an Extraiten aus der Kuerzgeschichte-Rei Timba. Den Auteur, Acteur a Regisseur Jean-Paul Maes huet mat “Rehaugen” säin éischte Roman ...
Weider liesen21. Abrëll, Liesung zu Stengefort: Rehaugen, Bicherbus an Timba-Geschichten
Eng Kremart-Liesung mat den Auteure Jean-Paul Maes, Yorick Schmit, Julie Vinandy-Schmit a Christiane Kremer ass den Donneschdeg, 21. Abrëll 2022 ëm 20 Auer an der Aler Schmelz zu Stengefort. Sproochen: Däitsch a Lëtzebuergesch. Den Entrée ass gratis, mee eng Reservatioun ass obligatoresch: per Tel. 39 93 13-1 oder per E-Mail op accueil@steinfort.lu. Den Auteur, Acteur a Regisseur Jean-Paul ...
Weider liesenDem Elmar säi Papp ass dout: David McKee (1935-2022)
Den Elmar ass traureg: De Papp vum berüümte faarweg-karéierten Elefant, den David McKee, ass am Alter vu 87 Joer gestuerwen. En huet zu London an am Süde vu Frankräich gelieft, wou en am Abrëll 2022 no kuerzer Krankheet verscheet ass. Foto: Seven Stories / Andersen Press 1968 ass déi éischt Aventure vum “Elmer”, wéi en op Englesch heescht, erauskomm. 1989 gouf ...
Weider liesenDéi lescht Exemplairë vu “Blosen, tréischten, Plooschter drop”
Dir Dammen an Dir Hären, vun eisem Bestseller sinn – LEIDER – nach just 50 Exemplairen ze kréien. Mir hunn d’Buch schonn zweemol nogedréckt, mee et ass einfach ze beléift, d’Plooschteren, déi een ëmmer nees ka gebrauchen, kommen ze gutt un … Dofir: MAACHT IECH BÄI an Ärer Librairie, op Letzshop.lu oder op lord.lu. Blosen, tréischten, Plooschter drop Mat ...
Weider liesen
