News

-

Bestseller? Respekt!

Och déi 3 lescht Smart-Bicher schénge gutt unzekomme bei de Lieser! Zanter hirer Parutioun am Juni hu si eng fest Plaz op der Bestsellerlëscht, déi all Mount erauskënnt: Smart 18, Smart 19, Smart 20 sinn elo schonn dee véierte Mount hannerenee dorop vertrueden – Juni, Juli, August, September! Hei – als Beweis – d’Bestsellerlëscht vum Mount ...

Weider liesen
-

Nei, nei, nei, nei, nei, nei!

1 –  2 –  3 – 4 – 5 – 6 – NEI Kannerbicher!!!! 6 witzeg a lëschteg Kannerbicher fir déi ganz Kleng, fir déi e bëssi méi Grouss, fir déi, déi gär molen a fir d’Frënn vum Elmar a vun der klenger Prinzessin … Dir fannt se dëse Weekend (30.9/01.10.2017) bei eis um Stand an de Rotonden um “Lokale Maart” an an de ...

Weider liesen
-

Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren: Cours am LLJ

Vun der Rentrée u gëtt et en Orthographie-Cours am Lënster Lycée, ëmmer donneschdes owes vun 19 bis 21 Auer. De Cours gëtt gehale vum Luc Marteling. Zéng Owenter si virgesinn, also 20 Stonnen am Ganzen. D’Zil ass, duerno Lëtzebuergesch richteg schreiwen ze kënnen. A fir datt keng Hausaufgaben néideg sinn, ginn am Cours vill Exercicer gemaach … Hei d’Datumer: 1) Donneschdeg, ...

Weider liesen
-

3 X SMART: Bëlleg. Ettelbréck. Walfer.

Am Juni gouf d’Smart-Serie mat de Bichelcher Nummer 18, 19 an 20 ofgeschloss, dofir ginn d’Auteuren elo am Hierscht nach eemol esou richteg op den Tour. Wann Iech déi butzeg Bicher gefall hunn an Dir Loscht hutt, eemol op engem smarte Smart-Owend derbäi ze sinn, dann hei 3 Rendez-vouse fir virzemierken: Ëmmer en aneren Auteur, ëmmer eng aner Faarf, ëmmer eng aner Story, awer ëmmer ...

Weider liesen
-

Wann der grillt oder Iech grillt …

… dann duerfe si net feelen!          Och am SUMMER: Bleift SMART! Fir de Grill, d’Plage, de Camping oder whatever hu mir elo um Menu du jour: Smart 18, Smart 19 a Smart 20: G U D D E N   A P P E T I T ! Zesumme mat de Bichelcher 14, 15, 16 a 17 bilden 18, 19 an 20 dee fulminanten Ofschloss vun der Smart-Serie: Natierlech sinn och d’Bänn 1 bis 13 nach ëmmer frësch a ...

Weider liesen
-

Den Elmar ass gutt ukomm :-)

Am Bëschprécoce vun der Villa Mirabella zu Wolz oder Wooltz hu sech d’Kanner an och d’Claudine Braun an d’Andrea Huppertz iwwert den “Elmar an Course” gefreet. Wat eis natierlech och freet! Si hate beim Elmar-Dag matgemaach a gewonnen. Mir wënsche vill Spaass mam karéierten Elefant!

Weider liesen
-

Kremart @ Maacher Braderie

Um Sonndeg, 30. Juli kënnt Dir eis zu Maacher an der Foussgängerzon fannen! Wéi ewell déi lescht zwee Joer si mir zu Gréiwemaacher op der Braderie! (Awer just, wann et net reent, well eis Bicher sinn net frou mat Fiichtegkeet.) Hoffentlech gesi mer eis 🙂  

Weider liesen
-

3 Mol Nummer 1 op der Juni-Bestsellerlëscht: Merci!!!

Léif Leit, net schlecht gestaunt hu mer, wéi mer d’Bestsellerlëscht vum Mount Juni gesinn hunn! 3 Kremart-Bicher op enger éischter Plaz an net manner ewéi 7 Bicher op de Lëschten – MERCI!!! Besonnesch gefreet huet eis natierlech, datt déi 3 lescht Bicher aus der Serie “Smart Kremart” et direkt no hirer Publikatioun op déi begierte Lëscht gepackt hunn 🙂 .. mir hoffen, ...

Weider liesen
-

“Die verflixte Nummer 6”

D’Serie “Smart Kremart” ass jo antëscht komplett, déi 20 Bänn sinn do! Wann ee se niefteneen hält oder stellt, lénks Nummer 1 a riets Nummer 20, dann entsteet duerch déi eenzel Ausschnëtter um Réck vun de Bicher e Blat, dat e bëssen un Efeu erënnert an esou ausgesäit wéi en Häerz – et ass en ALDUSBLAT! Leider gouf et beim Buch Nummer 6, ...

Weider liesen
-

16 vun 20

Fir den Ofschloss vun der Serie “Smart Kremart by Kremart Edition” waren net manner ewéi 16 vun den 20 Smart-Auteuren op Miersch an de Centre national de Littérature komm. MERCI! D’Smart-Serie, dat si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Bis op d’Auteure vun de Bänn 2, 12, 14 a 17 konnte se all kommen – a se hu sech esouguer der Rei no opgestallt, also vu riets no ...

Weider liesen